Do gin also déi Wiederschauere produzéiert, déi méch all Véierelstonn din de Computer ausmaachen...
A jo, ech soll eppes zur Foto schreiwen! Ma déi gefällt mir ganz gudd, just kënnt se mer e bessi ze vill friddléch eriwwer, außer, däi Message wier: Kuckt dir, déi dir d'Atomkraaft ëmmer schlecht maacht, wéi sin ech dach esou harmlos. Dann as se natiirléch wéi se soll sin!
@Nico,
Wollt effektiv hei weisen wei harmlos an impressionant des "Landschaft" kann sinn,
bis zu dem Moment wou ett ausser Kontroll gereit,
Ech kann mech nach ganz gudd un den 26. April 1986 erenneren, >>Gau zu Tschernobyl <<
do woaren dei meeschten Photogenisten mool nach nett opp der Welt, ...
an iergendwei, trotz allem, wann ech zu Cattenom laanschtfueren sinn ech emmer erem faszineiert fum Schauspill.
also su weit ech wees ass den gau zu tschernobyl jo doduerch entstaan daat se selwer den reaktor rofgedreint hun vier tester ze maan an och en stroumausfall ze simuleiren an dan sou domm waren daat se och nach secherheetssystem ausgeschalt hun, an dobei ze deif rofgedreint an kontroll verluer. also am fong duech eegen dommheet...
hoffen ma mol d fransousen loossen sou spillereien sin.