Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Bedrohlech

 
Bedrohlech
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    21.07.2008
  • Gekuckt:
    29287
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    18
  • Beliichtungszäit:
    1/40
  • Blend:
    f 22
  • Brennwäit:
    24 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x533
  • Späicherplaz:
    379 KB
  • Originaldatum:
    20.07.2008
  • Fotoapparat:
    5D
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften
2. Kategorie: Natur »» Planzen
Extras:
knaschteg Schung

Fir anzesetzen: [pg_img=28712]
Kommentar vum Fotograf:
huet et ausgesin bei Grosbous, an dese Baam huet den Iwerliewenskampf (leider) opgin
TomEwert 21.07.2008 - 13:57
staarken contrast an faarwen. virwat grad eng 22 blend?
KeeBlitz 21.07.2008 - 14:05
ech hun dat selwecht Bild mat f5.6, get awer net de selwechten Androck. Hei sin e puer Weessären och scharf, déi aner hun am Wand gewackelt, ennerstetzt dat Bedrohlecht e bessen....
TomEwert 21.07.2008 - 14:16
d'waer awer am fong méi logesch wann deng weeskaern bei f22 méi onschaerf sin wéi bei f5,6 ... nee ? mais et wor just eng fro. Ech perséinlech schaffen seelen ivert blend 11. (also am kleinbildformat) ass awer flott ...
KeeBlitz 21.07.2008 - 14:48
mat 22 kréien ech jo awer vun fir bis hanne scharf.......
TomEwert 21.07.2008 - 14:51
déiftenschaerft get méi grouss jo ... awer pro blend méi déis du zoumess verduebelt sech och deng beliichtungszeit...daat haat ech gemengt.
KeeBlitz 21.07.2008 - 15:21
dann hate mer eis messvertstan, déng Fro hätt da misse sin: firwat 1/40 s! closed_eye) dobaussen schaffen ech bal nemmen mat Zäitautomatik, dh ech wiele meng Blend, a stabiliséiert Lensen machen dach villes méiglech
TomEwert 21.07.2008 - 15:49
jo stemmt ... ech fannen d'beliichtungszeit pass zwar hei och nach ganz gudd. Dann kriss du en bessen dyamik dran. Awer wannst du op richteg schaerft stees misst du baal kucken méi schnell beliichtungszeiten ze huelen. Hoffen du déids elo ons gespreich hei net als kritik ... et wor nemmen éierlech intresse ... an zwar well mech daat bild vun ufank un ugeschwat huet. An deem senn ..keep on doing smile
KeeBlitz 21.07.2008 - 15:58
ech si frouh dat d'Bild der gefällt an gesin eist d'Gespréich absolut net als Kritik, a wann, dann als total positiv!!!
Mat all Austausch léieren ech ätonguepes bäi a bréngt mech weider, genau wéi am richtege Liewen!!!

merci
tomdi 21.07.2008 - 14:31
wow, .... schein. Super Farwen.

KeeBlitz 21.07.2008 - 14:49
thx closed_eye)
Mika 21.07.2008 - 17:16
Aus dem Minett komm bis op Grousbus fir dei do Foto!? Dann hässte och kenne moien soe kommen tongue Ganz flott Faarwen an d'Atmospher schéin festgehaal!
KeeBlitz 21.07.2008 - 17:32
merci,
tjo, mir Minetter fueren och eraus
vleicht kenns de dé Baam dann.....an sou kleng as Grousbous jo nun och erem net.... closed_eye)
TomEwert 21.07.2008 - 17:33
ech kennen en smile) kommen och aus dem eck, niederpallen xD
KeeBlitz 21.07.2008 - 17:37
ech muss awer elo zougin, dass meng Fra en gesin a mech gedoen hat d'Kéier machen. Ech war op d'Strooss konzentréiert....hat sech awer gelount closed_eye)
Mika 22.07.2008 - 00:47
Kommen och aus dem Eck tongue
Vince_M 24.07.2008 - 12:29
SUPER FOTO, FLOTTE CADRAGE....

BG
VINCE
endorphine 30.09.2010 - 00:06
wooow
KeeBlitz 30.09.2010 - 07:42
Merci
och fir de Fav

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 368 Gäscht online