Jo ech haat mer schon geduecht dass déi Opnahmen generell nët erlaabt wieren. Awer firt Zeitung maachen se gewéintlech Ausnahmen
Ech hun d'Luucht net interessant mais schrecklech fonnt. Do konnt ech um Waissofglaich dréien a kéieren wéi ech wollt - ech sin op keen gréngen Zweig koum. Ech hun mat aaneren Fotografen geschwaat déi genee der selwechter Meenung waren.
Jo do hues de Recht. Ech wollt mer schon méi laang den Sigma 70 200 2.8 kaafen, awer hier ech a verschiddenen Buttécker nogefroot haat krut ech ze héieren dass en bestallt gin misst an nët firun 3-4 Wochen do wier... dun hun ech mer eben als Noutléisung en Tamron 70 300 - 4 - 5.6 kaaft... dat wärt awer iergendwann och op Ebay landen
Als 2. Objektiv haat ech en 24 - 70 2.8 dobai waat definitiv besser Leeschtung bruecht huet, awer d'Plastikais war vill ze wait fort (ech hätt wéi en Dabo do gestaanen wann ech méi no gaangen wier).
Merci fir den Kritik. Ech probéieren et den Owend besser ze man
den sigma 70-200/2,8 EX DG Macro ass bei FOTEMIA.de fir 649,-€ + Versandt op Lager.....
hun virun enger Woch een Objektiv do kaft an et ass alles gud gangen..
Jo do gin ech der Recht, awre d'Beliichtung war wierklech eng Schwéngerei. Keen Liichtstaarkt Objektiv, 200mm Brennwait... dann geet et net besser. Ech hun allerdéngs nach um Kontrast gespillt fir dat e bessen Rauschen wat am Bild war ze eliminéieren.