Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Tallinn Sunset

 
Tallinn Sunset
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    02.02.2006
  • Gekuckt:
    25341
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    37
  • Beliichtungszäit:
    1/400
  • Blend:
    f//8.0
  • Brennwäit:
    260 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x533
  • Späicherplaz:
    100 KB
  • Originaldatum:
    17/Jun/2005
  • Fotoapparat:
    Canon 1D Mark II
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Sonnenopgäng / -ënnergäng  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=3309]
Kommentar vum Fotograf:
Mojoo 02.02.2006 - 21:59
1. Androck: Woow! 2. Androck: Wooow!! 3. Androck: Woooow!!! smile

Zesummengefaast: Wonnerschein Foto, immens douce & harmonesch Faarwen, genial Spiggelung um Mierwaaser, an dat Boot riets ass natiirlech nach den Punkt um i. Dess Foto ass wiirklech Vollkommen. closed_eye Okay, ier ech lo nach ufänken zevill Quatsch ze schreiwen haalen ech op mat schwärmen. Nemmen firun sou.. tongue
CK 02.02.2006 - 22:06
Merci! smile (Ech war hallef blann wéi ech déi foto gemeet hun well ech esoulaang emmer rëm duerch den Viseur an d'Sonn ran gekuckt hun bis d'Sonn an daat Boot endlech do waren wou ech se wollt. smile
Mojoo 02.02.2006 - 22:06
Hehe, bon et huet sech jo dann awer gelount! smile
Olivier 02.02.2006 - 22:08
...paff...an gin rem fort...paff
schtr00mpfette 02.02.2006 - 22:21
Sinn och hypnotiséiert wann ech d'Foto kucken, hu Loscht an d'Waasser eranzesprangen smile Super!
kola 02.02.2006 - 22:27
Ech fotograféieren Sonnenop-an Ënnergäng och immens gär, mee muss soen déi hei Foto ass wirklëch top !
Johny 02.02.2006 - 23:03
Respekt, wirklech schéin. D'Sonn ass net ze hell, d'Spigelungen am Waasser sin excellent esou, d'Boot passt dohinner wei gemoolt. Just fannen ech et schuerd dass een fier sou liicht Wellen gesäit, ouni dei wir et wirklech perfekt. Ech wees, du kanns net dofier, mee et ass awer eben sou. An well daat nach do ass kann ech der leider keng 10 gin smile (waat sws bis lo reischt eng Keier geschitt ass...)
CK 02.02.2006 - 23:10
Haat just den 70-200 mat, ouni 1.4x... soss hätt ech nach probéiert méi no run ze zoomen. Mee hun elo grad versicht am Photoshop en Crop esou ze machen wéi's du gesoot hues, an daat geseit effektiv och gudd aus - merci fir d'Iddi. smile
redrum 02.02.2006 - 23:07
Wahnsinn! An allen Hinsichten immens gudd gelongen! Impressionanten Himmel, flotten Cadrage an schéin douce Faarwen! Tip Top, eng 10
amBesch 02.02.2006 - 23:16
Jop, muss mech denen aneren uschléissen, super! Perséinlech giff ech d'Sonn an d'Schëff e ganz klengt bësselchen méi Richtung Mëtt vum Bild nach besser fannen, awer nët vill. Ausserdem ass dat natiirlech och eng Affaire de gout. Ansonsten alles tiptop, méng Komplimenter!!!
Johny 02.02.2006 - 23:30
CK: gär geschitt smile
Mee wisou steet dann bei der Brennwäit 260mm ? Wolls dei ongefeier KB-äquivalent Brennwäit domat ugin oder wei? (Deng misst jo e Crop vun 1.3 hun wann ech mech net ieren)
CK 02.02.2006 - 23:33
Ech gin eigentlech iwerall den 35mm-Equivalent un, well ech fannen daat anert net esou gudd: well fir den Leit z'erkläeren dass et verschidden Crop-Faktoren get ass net emmer esou einfach. smile
Johny 02.02.2006 - 23:40
Jo ass effektiv net sou einfach, mee du bass der jo wuel och bewosst dass
1. eigentlech net d'Brennwäit geännert gët mee den Sehwénkel
2. Dei meescht hei um Site awer sws mat Crop vun 1.6 oder 1.5 fotografeieren, an dei loossen d'Brennwäite stoen, d.h. wann sie z.b. bei dir geifen 480mm liesen, wësse se net wirklech dass et fir sie daat selwecht ass wei wann bei hinnen steet 300, woubäi et bei dir dann eigentlech suguer 370 waren .. Ass e ganzen Konlfikt daat smile Se hätte vun Ufank un alles sollten op FF maachen hehe. (Da well ech awer net de Präis vun enger 350D wëssen ...)
CK 02.02.2006 - 23:55
Mat 1x, 1.3x, 1.5x an 1.6x kann een do schon duercherneen kommen. smile Hun d'Theorie schon verstaan, mee praktesch benotzen ech waat fir mech am logeschsten ass...

Hun op menger HP bessen Code deen daat automatesch emrechent, daat heescht en kuckt wei eng Kamera am EXIF steht an benotzt dann automatesch den richtegen Multiplikator. Dofir muss een dann allerdengs den Programm mat den richtegen Emrechnungsfaktoren fidderen, waat och rem sou seng Problemer mat sech brengt.
Johny 03.02.2006 - 00:01
Jo da muss een vir all Modell den Crop och nach ugin asw, verstin waats de mengs. Mee hei geifen der wuel och vill duergerneen gin wann beemol do steet 480mm obwuel hieren Tele nemmen bis 300 geet closed_eye
CK 03.02.2006 - 00:09
Wier alles méi einfach gewiescht wann all Fotoapparater en EXIF-Feld giffen benotzen wou den 35mm-Equivalent schon dra steht. Dann kënnten zumindest all déi di wéinstens fundamental Foto-Apparats Kenntnisser hun direkt eppes dermat ufänken. Mee duerfir ass et wuel elo ze spéit, an ech gesin keng universell Solutioun fir den Problem.

(Wann dann iwwerhaapt vill Leit daat kucken - ech machen et zwar, mee weifill Leit di Fotoën machen sin sech iwerhaapt bewosst waat alleguer déi f'en an mm'en etc. elo wierklech bedeiten an bewierken?)
Johny 03.02.2006 - 00:12
Jo daat stemmt, direkt an den Exifdaten hätt daat mussen ugepasst gin, oder opmanst en Feld wou dei KB-äquivalent Brennwäit drakennt. Dann hätt ene jo d'Wiel gehaat weieng een hëllt fir äuszeliesen .. mee bon.

Ech denken awer dass vill Leit hei wëssen waat daat ass, zemols wanns de dei kucks dei Fotoen hun dei an den Top fotoen stin. An Ufänger dei et nach nët wëssen kreien et mat der Zäit hei agebloosen smile
illusions 03.02.2006 - 12:34
Schein Foto!! Riichte Horizont schein faarwen an d'scheff nierwt der spigelung ass ganz gudd!!!
yoshi 03.02.2006 - 14:18
Ech kann lo net vill schlechtes iwwert des Foto soen, ausser dass et mer net gefällt dass fir am Bild Wellen sin an dass ech se nei kadréiert hätt, den Horizont ass baal an der Mett. Ech hätt do uewen alles gelooss awer Waasser just iwwert der éichter Well oofgeschnidden. Domat wier den 1. Problem geléist an d'Scheff géif bessi méi zum Firschain kommen, an awer trotzdem net zefill.
Schéint Liichtspill! Ech fannen aaner Fotoen vun der besser, dofir voten ech hei e bessen manner (kommen och na iergentwann un déi aner Fotoen vir déi ze bewerten wann ech et na net gema hun) closed_eye Ma weider sou!
Kleent 03.02.2006 - 20:50
ganz schein. top. mei gett et do net ze soen smile
Mano 04.02.2006 - 00:06
di foto ass einfa wonnerbar!
joellchen 04.02.2006 - 11:06
wonnerschein smile
Top! smile
crisa 04.02.2006 - 11:30
wow, fannen dei och super schein,richtegen moment,gudden horizont an super schein farwen!!smile
Dave 04.02.2006 - 11:57
wow fannen des hei och super,,schleissen mech deenen aaneren un!!smile
Lali 04.02.2006 - 18:55
de cadrage gefaellt ma deck gudd... net alles su flatsch and mett.. deck gudd foto... an dann o na d'sonn di su schéin spiggelt... *schwaerm* closed_eyeclosed_eye top!!
maxipu 04.02.2006 - 19:32
ganz schéi foto! wierklech.. wonnerbar!
Annick 08.02.2006 - 20:34
D'Foto ass wierklech schéin!!!
rom 09.02.2006 - 21:17
All Respekt!
Annick 13.02.2006 - 18:38
wonnerbar foto
klex 15.02.2006 - 20:26
Mol engkéier en ''net su banal'' Foto vun engem Sonnenennergang. Ass flott! Mär perséinlech géif se besser gefaalen wann besse mi fuarw dra wier... géif mi plakativ wiirken, mee ass affaire de gout.
Waat mer allerdéngs net gefällt ass de cadrage... D'Sonn geet jo nach, mee d'Boot ass eifach vill zevill um Eck vum Bild, waat nach vill méi opfällt well énks näischt ass! Häss de besse mi erwwer geschwenkt kéint ech lo eintlech näischt schlechtes méi zum Bild soen.
Pletsch 18.02.2006 - 14:01
Mir gefällt dei Foto wieklechg ganz gudd. Zumols dat Segelboot am Hanner grand dat d'Bild opfellt an em den sougenanntenen leschten Schlaff get. Ech fannen d'Foto wieklech Top an duefir gin ech dann och 10.
Vince_M 14.04.2006 - 08:36
Genial foto super cadrage....vieleicht e besser manner mier ennen op der foto.

congratulations.
Vince
coolpix 03.05.2006 - 19:24
Einfach nemmen emwerfend, mee et wier och superflott wann daat ganzt am Panoramaformat wier, just e bessen iwwert deem wou d'Waasser rouheg gett bis iwwert d'Sonn. Daat wier *daat* idealt Postkaartenmotiv (meng Meenung, mee huet mir eben besser gefall wei ech deen Beräich mat 2 Blieder oofgehaalen hunn) closed_eye.
Jury 08.05.2006 - 13:06
Gléckwonsch, déng Foto ass vun eiser Jury als Topfoto gewielt gin.
klengtfierkel 07.06.2006 - 21:34
wooow do kennt en jo and dreemen smile
as schéin su mat de wolléken frun da sonn, an spigelung am mier
ass schued d'ass d'boot su riets vum bild war, dass su eidel lénks
mee soss awer wieklech top, faarwe si schéin sou, as net ze knalleg
ass richteg summerlech an erfrëschen bigsmile
flott flott
tany0709 28.05.2007 - 22:12
Mega schein! bravo smile
Annick 03.06.2007 - 17:47
Ech hu mir déi elo mol als Hannagrond gemasmile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 654 Gäscht online