Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Fräiheet

 
Fräiheet
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    17.03.2009
  • Gekuckt:
    25721
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    22
  • Beliichtungszäit:
    1/30
  • Blend:
    f/22
  • Brennwäit:
    60 mm
  • ISO:
    3200
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x629
  • Späicherplaz:
    190 KB
  • Originaldatum:
    2009:03:16 17:32:31
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Expressioun  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=34572]
Kommentar vum Fotograf:
à vous de réfléchir!
suraki 17.03.2009 - 20:23
alterem en Topbild (-:
Nicon07 17.03.2009 - 20:32
Merci!
LP 17.03.2009 - 20:35
top smile
LP 18.03.2009 - 09:50
gesin dei weis flecken o och wou ech lo main mac ugemach hun closed_eye ass schon komesch den ennerscheet vun de computeren smile
GrAl 17.03.2009 - 20:59
Deng Gedankengäng sin mir deelweis ganz rätselhaft...
Dofir verstin ech och net wisou datts de sou graff geschafft hues fir déi wäiss Flächen ze kréien? Soss bass de dach méi kriddeleg.
Nicon07 17.03.2009 - 21:05
Ech sin am Moment net immens kriddeleg, éischter besse flemmsech a midd.( Allergie op d'Hieselter kombinéiert mat schlechtem Schlof) Mais wat mengs du mat graff schaffen? Ech hun dat grot Blad mat de Linen iregendwéi net passend fonnt, besonnesch wou et net gläichméissech war. Dofir hun ech einfach d'Line wech gestempelt, awer de Schied vun der Füllfieder wollt ech awer trotzdem haalen. Wéi häss du dir et da viirgestallt?
GrAl 17.03.2009 - 21:09
Deng ewechgestempelt Flächen sin sou... wéi soll ech dat elo erklären, et kann sin, datts de dat op dengem Ecran vläit guer net gesäis... sou wéi wann mäin Meedchen mat engem decken Tusch géiw eppes faarweg molen.
Et gesäit en datt do gestempelt gin ass an den Iwergang zu dem groen Blat ass ze brutal, den leeft net lues iwer.
Nicon07 17.03.2009 - 21:18
Ok! Genau dat hun ech och gemengt. Effektiv gesinn ech dat bei mir net. Dat heescht, datt mäin écran da mi hell wi däin ass. Bon! Elo sti schon hei eng Rei Kommentarer, sou datt ech lo net onbedingt wëll di Foto hei durch eng nei beaarbécht ersetzen. Ech loossen se dann awer mol sou stoen, och wann dat, wat ech wollt evitéieren op verschiddenen écranën dann awer nach drop ass, an da maachen ech bei Geleenheet eng nei Versioun.
mikE 17.03.2009 - 21:15
Olà,
Ech woen mech mol e Kommentar ze maan obschon ech der praktesch nie oofgin an meng eege Fotoen weider net intressant sin... XD

Par Rapport zu Dengen "üblechen" Fotoen mierkt een wierklech dass de net a Form bass, weis de selwer schreiws. Soss sin se emmer piccobello an et fennt een praktesch nie epps ze mekkeren, soen ech elo mol.

Mengen daat waat de GrAl mengt, an myself och, ass dass een immens gudd gesäit wous de eweg-gestempelt hues: et ass immens "wollekeg" an net uniform: plaatzeweis kukkt nach dei original Wäiss vum Blaat derduerch.
An et gesäit een dass de 2 verschidden déckten vun Stempel benotzt hues. Wann net esouguer 2 Zorten: eng keier à la aérographe an eng keier en décke Pinsel.

FLäit wär et besser gin, wanns de iwwerall den aérographe benotzt häss? (an den Schierm vum Mac eng keier gekippt closed_eye) Dann wär den iwwergang vum Bord mei douce.

An elo sin ech gespaant wei daat hei eriwwer kennt ...

Cheers,
Mike

Edit: De GrAl wor mi schanell smile)
Nicon07 17.03.2009 - 21:21
Ma dat kënnt dsl-eriwwer.....bigsmile


Dat as eng gudd Saach, datt ech esou ee Kommentar hei vun dir kréien. Wann di Foto "stümperhaft" eriwwer kënnt, dann ass et jo och esou verschafft, géif ech mol soen. A moins datt an der Telefonsleitung vill Stëbbs ass, deen séch beim Eroplueden op der Foto ofgesaat huet. *kkkkrrrrrrrhhh" Ech gesin, ech kommen net derlaanscht, fir erem a Form ze kommen, an eng nei Versioun ze präsentéieren.


Merci, mikE.
Shantideva 17.03.2009 - 21:27
Gudd Idee! Et geseit een dein Gestempels souguer am Thumb. smile Ech hun deen eischten Moment geduecht daat wier vun dir sou gewollt. Obwuel... naja... smile
JADE 17.03.2009 - 21:27
jo, Nico ... muss och soen ... do wars du awer e bessi vill "non-regardant" ...
mee bon, du hues jo op dengem Ecran nët gesin waat dobäi erauskomm ass ... also bass du deels entschëllegt ... closed_eye

awer Idee an all den Rescht ass ganz gutt ... wéi gesoot bis op daat ganz grafft Gestempels
déi Linen waren dach gutt, nee?
Nicon07 17.03.2009 - 21:31
Mäin écran spillt mir also een Tuur! Ech géing soen, wann ech mat aanere Kommentarer zu aanere Biller vergläichen, datt mäin écran zevill héich kontrastéiert. Well ech krut scho vu Leit geschriwwe, méng Biller wiere blatzech an hätten net genuch Kontrast, obschon ech bei mir denken, ech hätt schon iwwerdriwwen. Ergo: Dat näxt get dann ee farfäffchen fir ze calibréieren...

@ Shantideva: Merci, datt s du an der Art a Weis wéi méng Fotoe verschafft sin méng Absicht a méng bewossten a gezielten Sou an net aanescht-manipulation gesäis. Mais hei muss ech déch leider enttäuschen. Hei as dat, wats du gesäis mol eng Kéier net esou vu mir gewollt. smile)
GrAl 17.03.2009 - 21:41
Wat hun ech hei elo eppes lassgetrëtonguepelt...

Nico, dir wënschen ech mol eng gudd Besserung an dann maach der keng Gedanken méi iwert dëss Foto smile
Nicon07 17.03.2009 - 21:46
Et ass eben Daawieder. Da get mi dacks Lawinen..... *ggggg*

closed_eye)


An du mach dir och keng Gedanken iwwert dat Lassgetrëtonguepelt hei.


Merci fir d'Besserung. Ech zéihe méch elo zréck. Nuecht alleguer!!
suraki 17.03.2009 - 21:49
an ech hu gemengt dat wär esou gewollt !!??
ok, ... hehe.. ginlo schloffen.
Nicon07 17.03.2009 - 21:50
Maach! Wann se déch kréien!!
Jaycee 17.03.2009 - 22:01
Nico schumm dech sou mat Tënt ze kleckeren... fréier wir ët dofir eng an d'Akaul gin...
Nicon07 17.03.2009 - 22:05
Fréier.... jo, mais mir sin haut, an do ass villes aanescht. Ech weess wouvunn ech schwätzen, ech liewe jo all daag an där Welt....
Jaycee 17.03.2009 - 22:14
Ojo do därfste kaum nach engem e Fanger maachen...
Nicon07 18.03.2009 - 09:38
Lo gesin ech méng Foto hei mol op méngem MacBookPro, an do gesinn ech och gaaaanz dätléch, datt ech net propper geschafft hun. Ech mengen ech muss an Zukunft da mol méng Biller op desem Apparat verschaffen. Quitte datt den écran do spigelt, awer dat ass jo och ande Grëff ze kréien. An niewebäi geet et mi schëtzech wi op méngem Power Mac G5 2,3DualCore vun 2005... Wann een dat bedenkt... Ee Lätonguepy méi schnell a performant wéi een Desktötonguepy.
OK-Photography 09.04.2009 - 22:44
lo mam update kansde joh updaten....tongue

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 324 Gäscht online