Dat ass Menges....
An am Filter muss eng Kaffisplanz sin.
Wann een dann elo d'Bounen nei an de Filter planzt,
brauche mir nach méi Waasser,
kréien eng nei Planz,
mais hun nach ëmmer kee Kaffi.
D'Strenz (wann ech gelifft, esou ee schéint Wuert an eiser Sprooch an dat dat friemt huelen... ) hat ech awer total am Grëff!!!
A jo! Ech maachen hei hors concours am Concours mat, well ech nëmmen eng Foto do ka roplueden. A well ech total inspiréiert sin. Mais trotzdem huet déi, déi ech fir de Concours ropgelueden hun, näischt heimadder ze din.
An dann: Et sin eréischt 6 Fotoen ropgekuede gin, an an 2 Stonnen ass Einsendeschluss!!!
Bass du sëcher dass eng "Strenz" nët nëmmen dat Stéck vun der Géisskaan définéiert wat (d'Waaser) street ?
Wéi heescht dat Stéck an der Dusch wat dat nemlicht mëcht ? Eng "Braus" ?
Pars pro toto, hu mir mol am Latäin geléiert. An an der Literatur. Mais wanns du dat elo sou seess.... (schreift een dat iwwerhaapt esou op lëtz..?, da liicht et mir an.
A propos, an dat huet elo näischt mat Sproochmatesserei ze din; am léiwsten hätt ech amplaaz d'Géisskaan ee richtegen uureche Biiz geholl, awer esou eppes hu mir an eisem moderen Stoot net méi, a fir wéinst dëser Foto bei méng Elteren heem op de Späicher wullen ze fueren.....