Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Eng Foto, méi Méigléchkeeten

 
All Fotoen an dëser Serie:
1619 Thumbnail
1620 Thumbnail
1621 Thumbnail
Eng Foto, méi Méigléchkeeten
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    12.07.2009
  • Gekuckt:
    24930
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    12
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Waasserausbléck  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=37787]
Kommentar vum Fotograf:
Fir den Alko, de Maimonides, den arwa an och soss jiddereen!

Di farwech Foto ass den Original Jpeg; jo, ech hat net gemierkt, datt ech net am RAW geschafft hun :-(
Di éischt s/w as net gecroped a mam Kanalmixer monochrom gemaach. Di 2 S/W ass gecroped a mam PS SchwarzweißFilter verschafft.
marker 12.07.2009 - 21:00
Deng Serie ass net schlecht.
Ech hätt just bei déem 3te Bild ënnen e bessi manner Kadréiert, an d'Vignetéierung ewech gelôoss.
Déi farweg gefällt mir am Beschten, an d'Waasser wou iwwer d'Betonsramp erofléeft stéiert net.
S/W wierkt hei net ganz gudd, wëll den Himmel just aus engem ganz liichten Farwtoun bestéet an keng Zéechnung opweist, an sech schlecht an S/W ëmsetzen léisst.
Nicon07 12.07.2009 - 21:08
Di Vignettéiereung ass d'Glänner, wat een an der farwecher Foto gesäit. An ech hun ze spéid gemierkt, datt ech schlecht gecroped hun. A wéi ech dun nogecroped hun, ass d'Qualitéit esou mies gin, datt ech d'Foto schließlech awer net ersaat hun. Mais du hues recht, ech war net virsiichteg genuch.
Alko 12.07.2009 - 21:03
Hmm, also sin mer elo onsecher op den cadrage vun der 3 besser soll sin wei vun der 2, mengen wees net waat ech well! smile Mee am verglach fannen ech dei 2 ze donkel. Am endeffekt mengen ech gefällt mer dei 1 nach am besten, opschons ech een absoluten frend vun s/w sin.

Ass awer flott dasste der mei gemaach hues dei nachemol als Serie erop ze lueden! Just schued dasste net am raw fotografeiert hues, denken dann wier vum himmel mei ze retten gewiecht.

Muss emol op Bivels fotografeiaren kommen, wann een dei streimung ennen fort helllt, gesait et 1 zu 1 aus wei op der bloer breck zu bivels. smile
Nicon07 12.07.2009 - 21:08
Merci!
suraki 12.07.2009 - 22:33
wann, dann as et vir mech déi éicht, et as fir mech, einfach e sujet dén am sch/w net genuch wirkt .
gloda 12.07.2009 - 22:56
Nummer 2 fir mech w.e.g.
Maimonides 12.07.2009 - 23:20
Vun deenen drei do gefaellt di faarwig mir am Besten.
An dann och nach vu mir Merci, am @Alko sengem Senn.
Nicon07 13.07.2009 - 14:18
Dat heescht also, datt deen ausgebrannten Himmel do net weider stéiert??? Ok! et ass notéiert. Ech sin nämléch een "Himmelfreak", an ech fannen dès le détongueart eng Foto net gudd (as net gläich schlecht, wuelbemierkt), wann den Himmel einfach nëmme wäiss ass.

Merci iech alleguerten fir är Appreciatioun.

Nico
Maimonides 13.07.2009 - 21:18
Glungenerweis stéiert deen "ausgebranntenen" Himmel mech bei daer faarwiger nët. Vileicht well en eng Faarw huet ?
suraki 13.07.2009 - 22:35
ouni Himmel gif se nach méi déift kréien, mé bei engem Freak kommen ech domader net un smile
Nicon07 14.07.2009 - 09:25
Dach! Bei engem Fraek kënns du grad domadder un, well wann den Himmel ausgebrannt - ergo inexistent ass - da loossen ech e léiwer op der Säit. Oder awer ech si feig, an ech loossen en es e bessen... smile

btw: ech hu jo a ménger Serie eng Foto, wou den Himmel net mat drop ass. Déi ass da fir déch! closed_eye
suraki 14.07.2009 - 12:18
also déi, elo mat e besse Farf , hehe .... husch a fort

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Passerelle

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: MandyM
Am Ganzen: 3726
3 Benotzer an 226 Gäscht online