hun ongefeier 30 photo gemeet fir eng besse gudd ze kreien
30 sekonne belicht blend 4
Dat mat deem liichtbou weess ech och nit, vleicht kann een mer daat erklären.
lo, ech sutz gescht och an engem Feldwee zu Niederpallen ze knippsen, bis t'wieder mer zefill no komm as ! muer kucken ech op eng brauchbar erauskomm as, mengen ech hun awer keng sou gud erwescht !
en interessant Donnerwieder , ouni Donner, dat mer geschter haten,
95% vun den Entluedungen nemmen techent de Wolleken !?
de Lichtbou as gerad esou interessant, e stoussen um Stativ kann et jo net gewiecht sin. D' Faerf sét eis dat et awer vun de Luchte muss komm sin ?
Ech wés och net richtech wat dat war, obschons alles un e Wackler erennert wat awer ka sin ... ?
E Wackler war et nit soss wiren di aner Stroosseluchten och esougin. Ech hu nach e puer photoe wou et och esou ass, bei aneren nit obschons ech emmer 30sec belicht hun.