Gefällt mer ganz gudd déi Photo hei. Schéine, kräftege gréngen Hannergronn, schéi schaarf an e flott Motiv. Gudd dass vir d'Blieder (oder wéi nennt een dat an dem Fall ? ) ewech sin, an hannendrun awer nach do. Tiptop! Gudd gesin!
Mol eng Foto vun souenger Blumm wou een net denkt 'scho rem soueng'. Dës ass aanescht wei dei meescht, besser Faarwen, mei schaarf, allgemeng eben besser
Ech sin generell ké grousse fan vun Blumen Macroen obwuel ech der de Summer och nés ëmmer mol maachen. Ech kukke mir dann méschtens just d'Resultat kurz émol un, hallen och alt déi eng oder aaner op mengem Harddisk, ma domat huet et sech.
Ma wéi den Johny schon a sengem Kommentar geschriwen huet, déi heite Foto huet eppes, wëll lo nët op all énzelnen Detail agoën, well ech näischt fannen waat ech hätt besser dru maache kënnen. Eng top Foto. Vu mir eng 9*
Iech alleguer merci fir d'Kommentären. Fir nach e puer kleng Detailer nozeschécken: et as ee crop, awer nemme well ech lénks a riets vill gring wech geschnidden hun. D'Foto as am Breedformat opgeholl fir ebe just nemmen de Somstand mat de Präbelcher ze kréien. Dann hun ech ganz e bessen a ménger "digitaler Dunkelkammer" ënnert Tons clairs/tons foncés de Wert vun den Tons foncés eropgesaat (5% max) fir e besse méi ee saat Gring ze kréien, an d'Punkten um Somstand an der Mett e bessen ze betounen. Soss näischt. Net nogeschärft, keng Kontraster forcéiert. Sou fannen ech soll ee mam Photoshop schaffen, sou wi een et och an enger Dunkelkammer mam Entwéckele vu Photoprints mécht.
Jo sollt een, MEE:
- Weivill % vun de Leit hei mengs de wéissten wei daat wir photoprints ze entwéckelen? Ech selwer wees et och nët
- Schärft geet um PC verluer duerch d'Verklengeren (Detailer gi jo op mei eng kleng Fäch gequätscht), bessen noschärfen wann een d'Foto mei kleng mecht ass also och an der Rei, menger Meenung noo.
Du hues recht, wanns du dat esou sees. Ech selwer hun och nach ni Photoen op Pabeier gemaach, ausser mat mengem Drocker. An ech selwer schaffe vill mam Photoshop. Ech wollt am Fong soen, datt een net soll iwwerdreiwe mat den Effekter, an den Nobesserungen, well soss iwwersteiert een dat Ganzt, wéi bei enger Tounopnahm, wou d'Lautsprecher hanneno kraachen. Mais d'Niveauën upasse, besonnesch bei Opnahme, wou net vill Luucht mi war, maachen ech regelméisseg. An di haart Schiëder bei voller Sonn probéieren ech och mat Tons foncés/tons clairs opzehellen. Mais beim Noschärfen hun ech och d'Erfahrung gemaach, datt een sou hart Kontraster kritt, datt et net mi natiirléch gewierkt huet.