Flott!
Deng Fotoen hun ëmer sou en herrleche Kontrast, an awer trotzdem mat villen Growärter. Gët et do e speziellen Trick? Oder einfach nëmmen probéieren bis et engem gefällt?
Ech hu kee speziellen Trick.
Ech wandele meng Biller meechtens mam Kanalmixer a SW, a fueren da matt Kontrastmasken fir déi verschidde Beraicher vum Bild virun, an dësem Fall eng fir den Himmel, eng fir d'Waasser, eng fir de Strand, an eng fir d'Fielsen.
Fréier an der Duka huet een daat Splitgrading genannnt, verbonne matt oofhaalen a noobeliichten, just datt de PS daat wesentlëch vereinfacht huet an och méi reproduzéierbar mëcht.
Bei esou engem Bild sëtzen Ech dann jenodem eng hallef bis eng Stonn.
Mee daat mëcht mer Spaass, an zum Schluss hues de ëmmer déi Satisfaktioun vum Voher-Nachher-effekt.
Eng kleng Übung wou Ech heiansdo och maachen, ass datt Ech mer d'Biller vu gudde SW-fotografen ukucken, a mer probéieren hiert Ausgansbild firzestellen, fir da gedanklëch hier Bildbeaarbëchtung nozevollzéien.
Flotten Bildopbau Iergend"eppes" ugespultenes hei fier um Strand (e Mensch, eng Fläschepost, wat wees ech) wier bestemmt och net schlecht gewiecht. Mee egal, gefällt mer ganz gudd.
Wâat eng Chance... keng Leit um Strand
Dâat ass genau déi diffus Liichtstëmmung déi bei Naturpnahmen am s/w gudd eriwwer kennt.
TOP Bild am s/w, ouni Ps-Gefummels an herrlech Tounwerter
Gefällt mir exzellent
ma dann kanns de jo vun Chance schwetzen dat et gereent huet well stell der elo do emol tonnen leit drop vir. Ech mengen dann häss de dain Fraihandpanorama awer kennten vergiessen. Desweidern waer et zu kenger esou flotter Foto komm. Gefällt mer goud