Schein Luucht an flott Linenféierung. Ech hätt se perséinlech nach riets an lenks e bessi méi eng cadréiert (sou dass d'Linen direkt aus den Ecker erauslaafen), awer daat ass affaire de gout.
Ech gesin do Méiglechkeet ze recadrèieren, mä da géing d'Foto eng jet méi däischter gin = déi Stemmung déi ech wollt duerch déi gelde Luut weisen géing doduerch evtl. zerstéiert gin!
probeier mat der Hue/Saturatioun ze spillen an d'Blacks ze verstärken, dann kennt evtl. d'Luucht besser eraus an den Silhouetten-Effekt kennt besser eraus, well een d'Musteren/Strukturen vun den Potoen manner gesait, dee moment!
Merci fir d'Iddi, d'Saturatioun vun der Foto as schons gesteigert. A wann ech dat méi eropsetzen bleiwt eng Foto wou et nemmen nach 2 Faarwe gin: Gold a Schwarz. Dat ass mir fir des Foto ze synthetesch déi Zeechnung an den Teschentéin ass gewollt - d'Gewiicht läit op der Atmosfair.
Cool, d'Reflets'en op de Schinnen gin der Foto e staarken 'touch',
ech fannen dem Shantideva séng Propose vum cadrage gutt, dat géif dem Bild e Mehrwert gin...noutfalls bei ähnlecher Stëmmung nach emol zréck goen.
An nächster Zäit wäert ech méi versichen eropzelueden, wéi ze korrigéieren. - Vun desem Sujet hun ech nach eng zweet Variant, déi ech evtl. nach eroplueden.