"Méi Reduktioun geet baal net méi..."
dach, mee dann schwetzen mer vun engem waissen Din A4 Blaat...
Ech kucken deng Foto mat engem breeden Grinsen am Gesiicht, wann ech net geif wessen daß et eng Foto wär geif ech mengen du häs dei am Paint gemolt.... hehehe
Ech sin normalerweis ee Schelm an ee Witzegen. Ech verdroe villes, och wann et geschriwwen ass, wou een jo de "laachendes Monds" net ëmmer sou direkt matkritt. mais ee Smilie verréit jo awer scho villes.
Dat do, Nico,
ass bal di allerläscht,
(awer nëmme bal),
Konsequenz vum
"Less is more".
Radikal ausgeduecht géif
dat nämlich heeschen:
"Weis guer Näischt,
da gesi mir Alles."
Dee ganz schmuele Paad tëschent dër Réalitéit an dëm Nonsense hues du eis hei magistral gewisen. "En connaisseur de cause" hues du deng Foto dann och "d'Essenz vum Wanter" genannt.
Duerfir gefällt deng Foto mir super. Awer nömmen mat dengem Titel. Dat seet (bal) Alles.