Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Ballgeschichten

 
All Fotoen an dëser Serie:
5065 Thumbnail
5066 Thumbnail
5067 Thumbnail
Ballgeschichten
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    05.03.2010
  • Gekuckt:
    26228
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    6
  • Originaldatum:
    5.03.2010
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Objektiv:
    AF-S VR Nikkor 70-200 mm 1:2,8G ED
Kategorie: Natur »» Allgemeng  
Extras:
Teleconverter TC20E

och kucke bei Photogen News, do ass déi Lëns virgestalt gin.

Fir anzesetzen: [pg_img=43415]
Kommentar vum Fotograf:
Hei sin emol e puer Fotoen, déi ech mam 70-200mm 1:2,8 plus den neien Telekonverter TC20E vun Nikon gemaach hun. Si weisen eng nei Zort Planzen, déi séch teschend der Neimillen an der Misärsbréck ugesiedelt huet. Ballona vulgaris intermedia. Wéi ee gesäit get et och am Planzeräich Alphadéieren.... ;-)
Laurent76 05.03.2010 - 20:01
Wei bas te zefridden mam TC20E am 70-200?

Ech krut ofgerooden dovunner...., also net vum 70-200 mee een Konverter ze gebrauchen....
Nicon07 05.03.2010 - 20:32
Dat ass jo och am allgemengen richteg, datt ee kee Konverter soll gebrauchen. Well dodurch verléiert ee jo mol souvill Blendewerter wéi de Verlängerungsfaktor vum Konverter ass an dann huet ee bei deenen normale Konverteren jo och nach Qualitéitsverloscht. Lo ass et awer sou, datt Nikon hei ee Konverter gebaut huet mat asphäresche Lënsen, deen , sou seet Nikon mol, extra geduecht ass fir den héigen Usprech vun den FX-Sensore gerecht ze gin. An effektiv: Schärft a Kontrast sin op den éischte Bléck ganz gudd. Ech hun och een A3 rausgeprint an ech sin net enttäuscht. Fir mäi Gebrauch fannen ech geet et ganz gudd duer esou. Ob alle Fall ass di Kombinatioun hei (140-400mm 1:5,6)wesentléch besser wéi mäin 175-500mm 1: 4,5-6,3 vu Sigma. Deen ass terribel laang a wackelech bei 500mm, huet net mi vill Kontraster, eng Offeblend vu 6,3 di net ze gebrauchen ass a kee VR. Do dergéint ass méng Nikon-Koppel een echte Bijou. Ech wärt an deenen näxten Deeg nach virun experimentéieren an no an no hei Biller weisen.

Fazit. Den TC20E-III mat ±500 Euro 70-200 (±1800 Euro) ass fir een Amateur, deen elo net séch op Déierefotografie spezialiséiert, durchaus eng Alternativ. Wann een dann och nach ouni Bedenke kann mat 1600 ISO fotograféieren (ab D90 ass dat jo kee Problem), dann ass dat eng gënschteg Alternativ.
Laurent76 05.03.2010 - 21:04
Genau dei doten Iwwerléung hun ech un sech och gemaat, daß een un sech een Objektiv duerbel kann notzen, an weis te schon sees wär daat beim Nikon dann nach emmer eng Offeblend vun 5,6, waat jo fir een 400ter nach gudd wär.
Ech sichen nähmlech schon seit längerem een Zoom an wees net wei ech mech décideieren soll, ausserdem huet Sigma jo lo och een 70-200 erausbruet mat Os mee awer och een 50-500 mat OS.

Hues du elo den VR oder den VR II?

Ech wärt an Zukunft dann emol ganz obmierksam deng Tester verfollegen....!
Nicon07 05.03.2010 - 22:01
Ech hun deen "aalen" 70-200 mam VR I. Awer deen ass och scho méi wi gudd. De Sigma 50-500 géif ech net recommandéieren. Dat ass ee Zoomfaktor vun 10, an deen huet jo och eng variable Blendenöfnung. An da kascht en em di 1500 Euro, wat schon net geschenkt ass. Ech hun elo keen Test zur Hand, fir nozeliesen, wéi deen ofschneit, mais ob en a punkto piqué a Verzeechnungen dem Nikon d'Waasser ka reechen, bezweifelen ech. Mais et as effektiv eng schwéier Fro, fir hei ze decidéieren, wann een nach näischt huet, wat an den Ultrateleberäichh geet.
Laurent76 05.03.2010 - 22:43
Tester gin et nach keng,sie sin ganz Nei, et gin emol nach keng Praisser, idem fir den 70-200mm OS vun Sigma.
Hun schon vill schlechtes iwwert Sigma gelies daat ech bei mengem 1 Objektiv vun hinnen ent kann bestätegen, daat ass wonnerbar.

An dann get et jo och nach den 150-500mm...., Mysère!
An wanns te ob Amazon Meenungen liessen gees geet et och vun super bis grottenschlecht...., an Zeitschreften brengen och net emmer dei Tester dei een grad well gesin....
Nicon07 05.03.2010 - 23:24
Tester si sws subjektiv, Objektiver kënnen och schlecht zesummegebaut sin an ee Fehlfocus hun (och Markenobjektiver!), Zweithersteller hu gudd a schlecht Lënsen am Programm genau wéi Marken och. Kuck nëmmen d'Kitobjektiver an d'Consumer"Fläschebiedem" fir 150 Euro am Verglach mat den héichwärtege Gliese fir dat 10facht oder méi. Dofir get et nëmmen eng Léisung. Irgendwann eng Decisioun huelen an hoffen datt et di richteg ass. closed_eye

An dann duerf een net vergiessen, datt ee selwer och subjektiv ass, a vläicht Saache perséinléch gudd fënnt (déi aanerer net onbedingt och sou fannen) , well ee mat deene Sachen eppes verbënnt, wat engem de Bléck verstellt.

De mënsch as nun mol keng Maschinn ... Gott sei Dank. smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 473 Gäscht online