Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Linguine al salmone

 
All Fotoen an dëser Serie:
5530 Thumbnail
5531 Thumbnail
Linguine al salmone
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    30.03.2010
  • Gekuckt:
    28133
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    26
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Objektiv:
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobannen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=44108]
Kommentar vum Fotograf:
hun ech haut gekacht
suraki 30.03.2010 - 20:46
zwee mol en top vu menger Séit, ... elo hun ech honger !!
Gaga 30.03.2010 - 20:47
hmmm, nikon, ech kreien honger !
hun graat an de Gronn ugeruff an dei sin zou ! Freides ! surprised
soit, deng foto as net nemmen appetitureegend, mais och flott en scéne gesaat !
spagetti al salmone ! gud idee, ech hun nach tagliatelle al salmone ... am TK .. ! unhappy
da gin et allt där ! oder as nach epes iwreg bei dier ?
suraki 30.03.2010 - 20:51
@... hun graat an de Gronn ugeruff an dei sin zou ! Freides !
en nassen Hittchen un ? haut as dach nët Freidechbigsmile
Gaga 30.03.2010 - 21:02
mann vergiess et, hun graat gesin dat op mengem pc freiden, den 30 abrell 2010 as ... an ech idiot denken nach um telefon "freides zou ??? komesch" !!!
tsa vas, ech gin elo iessen, t'gehier huet keen bensin mei !bigsmile
suraki 30.03.2010 - 21:27
pass awer op, ... Freides sin bei iech do uewen d'Tankstellen zoubigsmile
Gaga 30.03.2010 - 21:40
nee, donneschtes !
Miau 30.03.2010 - 21:14
flott ...a gudden Appetit
Jaycee 30.03.2010 - 21:16
... gudd dass ech graad giëss hun, soss hätt ech och elo Honger... wëll mech jo nët selwer invitéieren closed_eye
gogo 30.03.2010 - 21:48
eng lecker Foto !
Jean-Jos 30.03.2010 - 22:17
Kachbuchräif!
Buon appetito!
Laurent76 30.03.2010 - 22:25
uiuiui, dann well ech elo emol e bessen aus der Reih treppelen *Kapp eranzeihend ronderemkuckend*

Mech spriechen dei 2 Fotoen leider net un, weder dei eischt mam gefruerenem Saumon (geseit ob allefall emol esou aus), mam verwielten Basilikum an mat den Wuerzelen mat schwarzen Spetzen, nach dei 2te wou alles an der Paan an sech och net grad vun senger beschter Sait weißt.... (Visuel, geschmaachlech kann ech jo net beurteelen) (Bei deenen Meeschten Käch geseit et ereischt herno um Teller gudd aus)

Wann esou eng Foto dann an deem heiten Fall deen färdeg dresseierten Teller, e bessen Parmesan driwwer, Basilikum an evtl eng Scheif Tomate drop, nierwend den Teller den Parmiggiano ob eng Reif geluert, Peffermillen derbai, eng Fläsch Olivenueleg an.... een Glas Pinot griggio mat Schweeßdrepsen um Glas.... bigsmile

Sou, an elo maachen ech mech aus dem Steps iehr ech hei lasgezun gin, aua! closed_eye
Nicon07 30.03.2010 - 22:55
Komm rëm! Wou leefs du dann? Sin ech dann eng Brütt?bigsmile

Du hues alles durchkuckt. Dofir kriss du mol een Extrapunkt! De Saumon ass effektiv nach e besse gefruer gewiescht, d'Muurte sin net mi di allerfrëschst an de Basilikum ass net verwieéecht, éischter verdréchent, well net mat Zäit genaat. An effektiv gesäit et an der Pan ni besonnesch gudd aus. Mais kuck: Wann ech gewollt hätt, dann hätt ech jo och nach eng Foto vun dem ganzen hanneno dresséiert am Teller gewisen. Mais dat hun ech net gemaach a mat Absicht: ... Nee, lo net mengen. et wier näischt gin an ech hätt alles "unter ständigem Rühren in den Abfluss" geschott. Ech duecht einfach: Maach elo mol eng Kéier Fotoen vun deenen Etappen an der Kichen, déi een net sou klassescherweis gesäit.
Laurent76 30.03.2010 - 23:31
Du has daat jo och nie esou direkt behaapt, dei aner hun daat eischter geschriwwen an daat hun ech alt net esou gesin...., dofir mein geingt-den Strom-geschwemms.

Daß te et besser kanns an just net wollls maachen dovunner gin ech aus, also, Foto gell... closed_eye bigsmile
Maimonides 30.03.2010 - 22:25
Dën Donst iwert dër Paan,
an ënner dëm Deckel,
d'Spigelungen um Dötonguepen:
hei gëtt gekacht...
...a geknipst ?

Kann ë Mann wirklich 2 Saache matënee maachen ?

A waat hues du vu Gëdrénks zervéiert ?
Dat wären dër dann 3. closed_eye

Schéi Série, Nico.
shingo 30.03.2010 - 22:28
zwou flott Fotoen, an d'Kichen ass blitze-blank ! smile
JADE 30.03.2010 - 22:52
ech muss zwar hei och soen ... Nicon, ech/mir sin aaner Faarwen vun dir gewinnt ...
ech gesin vill "gielzecht" hei ...
ech fannen se och net Kachbuchraif well, cf zB les carottes au nez noir, an den Basilikum deen een Lach huet ... closed_eye
mee du wolls jo och net an een Kachbuch, ne

(mir haaten haut och saumon ... cuisson sous vide ... daat ass nawell ze probéieren!)

EDIT:
soo, kennt daat gielt net vun der Luucht vun der Hotte? dach, gell?
Nicon07 30.03.2010 - 22:58
Ech wëll mol all deenen, déi hei ee wässrege Mond kritt hu Merci soen, a wann iech méng Fotoe gefaalen, tant mieux, awer ech si mir bewosst, datt se net kachbuchräif sin ... am Fong. Wéi ech beim Laurent 76 geschriwwen hun: ech wollt keng perfekt Fotoe maachen, mais éischter den Alldag an enger Kichen vun engem Enseignant an der Vakanz weisen... closed_eye

Ech sin awer frou iwwert ärt Luef.
JADE 30.03.2010 - 22:59
an der schoulfräi Zäit, Nicon07 ... net an der Vakanz ... unhappy
Nicon07 31.03.2010 - 09:37
ech correctionnéiere méng erröör dann a formuléieren dat politesch méi korrect:

am chômage technique pour enseignants... (mir géife jo an d'Schoul Coursen haale kommen, awer d'Schüler fehle jo en bloc... a wann och vläicht deen een oder aaneren séch dat sou erdreemt, fir virun emgem eidele Klassesall Cours ze gin, ech fannen dat éischter langweilech an onproduktiv...)bigsmile
JADE 31.03.2010 - 11:16
bigsmile
Gaga 31.03.2010 - 08:30
kee probleem, mat engem kaschtgang fier ons all kanns de dech eremhuelen !
smile
PS : villeicht kansn de jo och emol een PG-Kachkuer organiseieren ?
Nicon07 31.03.2010 - 09:34
Maja! Sou eng Zort Tutorial héich 2: Eee Kachcours mat gläichzäiteg Fotoe maachen fir dann hanneno ee PG-Kachbuch online ze setzen. Do wier nawell Potenzial dran... smile
LOL
JADE 31.03.2010 - 13:21
et bien, daat ass emol guer keng esou schlecht Idee ...
well food-fotography fannen ech zB passionnant
Jeanny 31.03.2010 - 06:33
De Nico kacht mmmm et richt bess op Haassel smile

Nicon07 31.03.2010 - 09:38
Bass du sécher datt dat vu mir hei aus dem "mëttlere Westen" kënnt an net vu Fréiséng niewendrun.....bigsmilebigsmilebigsmile

Merci Jeanny!
Jeanny 31.03.2010 - 12:30
smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 475 Gäscht online