Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Een Tour op Ranschelt

 
All Fotoen an dëser Serie:
5822 Thumbnail
5823 Thumbnail
5824 Thumbnail
5825 Thumbnail
5826 Thumbnail
Een Tour op Ranschelt
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    10.04.2010
  • Gekuckt:
    26782
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    26
  • Originaldatum:
    9.4.2010
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Objektiv:
    AF-S Nikkor 16-35mm 1:4 G ED VR
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=44432]
Kommentar vum Fotograf:
Locke 11.04.2010 - 01:22
hmmm hu lo grad eng Idee kritt fir mäi nächsten Tour, zu Hunchereng d`Kapell, am Beschten mat Vollmound an klorem Himmel, daat geif freaky gin smile

flott serie besonnesch dei 4. huet mär et ugedo (sin am Mom irgendwei um HDR Trip) closed_eye
donpoli 11.04.2010 - 02:00
An der Nuecht vun e Sonnden op en Méinden?
Locke 11.04.2010 - 10:42
fueren um 3 opt Uni unhappy
Nicon07 11.04.2010 - 12:48
Ma ja, ech warden da mol gespaant.
Gaga 11.04.2010 - 10:37
ui, lo gesin ech et ... ween huet deen plafong do entworf ?
ey ey ey ... mengen do hun se och mei no loscht a laun gebaut wei no plängbigsmile !

Nicon07 11.04.2010 - 12:40
Wat sot ech dir!! smile
Gaga 11.04.2010 - 17:24
mais am fong woren se (wei sou oft) guer net domm dei zeit :
se hun eng maquette fun hieren pilieren geholl, an derteschent fisselen gezun dei duerchhoungen ! sou wei t'fisselen dan houngen, sin t'plafongen (op der kopp) gebaut gin !
Statesch dei perfekt leisung !

mengen den Gaudi huet dat esouguer erfonnt, ob jiddefall hun se esou t'plafongen fun der Sagrata Familia geplangt :

http://www.gaudidesigner.com/data/file/357.jpg
deBaemm 11.04.2010 - 10:42
éischt impressiounen vum 16-35? also vun deem waat ech hei gesin schengt en an den ecker jo mol gnz propper ze sin, punkto schärft..jo d fotoen sin schaarf closed_eye waat kanns de mer soss nach dovun zielen? smile
Nicon07 11.04.2010 - 12:45
E verzerrt net ganz vill, wann een dann onbedingt mengt, et misst een et maachen, da kann een ouni Problemer am PS d'Bordë riicht zéihen. Bei 24 mm (also an der Mëtt vun de Brennwäiten) verzitt e quasi guer net, ënnert der Viraussetzung, et hält een den Apparat riicht smile Vignettage kennen ech och net. Bref: Vir mäi Gebrauch geet e méi wi duer (an di 2 mm no ënnen par rapport zum 14-24 fehle mir perséinléch net awer dofir sin ech ganz frou iwwert déi 35mm no uëwen, déi dat Objektiv quasi zu engem "Normalobjektiv" maachen (bei DX-Sensor souwisou). Also ech si ganz zefridden. d'Blend 4 konstant ass jo och eppes wärt, et muss net 2,8 si, wann een dodurch méi wi 500€ spuere kann.
deBaemm 11.04.2010 - 13:52
daat klengt jo scho mol positiv smile
Maimonides 11.04.2010 - 11:11
Schei Serie Nico.
Dat goldent Liicht get deem Ganzen eppes "Wertvolles"...
Nicon07 11.04.2010 - 12:49
Dat golden Liicht huet méch 1 € kascht, well ech keng 50 cts hat, an den "Tronc" rendéiert keng Monnaie... closed_eye smile
Maimonides 11.04.2010 - 15:55
Dat goldent Licht huet dech also 1 Euro kascht, obschons et nemmen 50 cts wert war. Do huet 1 e gutt Geschaeft gemaach, an 1 e schlecht. closed_eye
Nicon07 11.04.2010 - 16:01
Dat ass jo mäi Problem, ech hätt jo net bräichen d'Luucht unzemaachen... closed_eye Da wier et eben sëlwerecht Liicht gin... smile
Maimonides 11.04.2010 - 16:20
Derwert war et, Nico,
di 50 cents.
Gaga 11.04.2010 - 16:27
den Euro ! Maimonides, een € wor et ! closed_eye
Nicon07 11.04.2010 - 16:33
Eigentléch ass dat net ganz richteg, Marco, well ech jo 50 cts geaffert hätt, hätt ech se da gehat. Mais och sou, wie weess firwat dat gudd ass:

Wéi huet dat beim Johann Tetzel geheescht: Sobald das Geld im Kasten klingt, die Seele aus dem Fegfeuer springt... An du koum de Luther, mais dat ass eng aaner Geschicht.

smile
Maimonides 11.04.2010 - 16:34
Dat huet den Nico just 1 Euro kascht well hee keng Menz haat (50 Cents). Hien huet also 50 Cents zevill bezuelt.
Nicon07 11.04.2010 - 16:41
Lo misst de Gaga awer verstaanen hun...bigsmile
Gaga 11.04.2010 - 16:55
Oh Männer, et mierkt een dat dier net ewei ech, den ganzen Daag mat Comptablen ze din hud ! bigsmile

Nicon07 11.04.2010 - 17:00
O je, du Ongléckléchen! closed_eye
Gaga 11.04.2010 - 17:31
weem sees de et ! sceptical
dukefrog 11.04.2010 - 17:30
Ganz flott Serie mat schéinen Detailer vun der Architektur déi ausgesäit wei wann do ouni Plang gemauert gouf.....
Nicon07 12.04.2010 - 07:39
Dat gesäit ganz esou aus. Mais do ass jo och iwwert Jorhonnerten drun un- an ausgebaut gin.
Jeanny 12.04.2010 - 07:07
eng herrlech Serie
Nicon07 12.04.2010 - 07:39
Merci, Jeanny

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 304 Gäscht online