den sw as eirklech phaenomenal! respekt. Waat den sujet ugeet: Ech haat des laescht mat engem rieds iwwert sou portraiten an op den interesse an der persoun lait isoleiert vun hierer emwelt (also just d'gesiicht, expressioun, etc...) oder ob een en bessen emwelt muss mat eranhuelen. ech wees et nach emmer net. deng fotoen sin jo eischter vun der eischter kategorie, ech maachen oft saachen vun der zweeter....muss mer daat lo mol nach iwwerleen egal, super serie op allefal!
Interessant Iwwerleeung mat däer ech mech och emmer nees beschäftegen. Ech fannen Porträiten déi e gewessenen Kontext mat abezéien eigentlech méi interessant wéi klassesch Porträieten wéi ech se an denen läschten Uploads gewissen hun. De Problem bei Porträiten déi e Kontext mat abezéien oder eng Handlungsaktioun sin oft net esou einfach ze realiséiern wann e Wert drop leet dat de Fotograféierten a Kenntnis dovun as dat een eng Foto vun him hellt. An Asien hun ech gemierkt dat d´Leit averstan sin wann een Fotoen hellt während sie hierem alldag nogin; an Afrika as et hinne wichteg dat sie sech schéin präsentéieren an sie wellen fill méi poséieren. Dat as ze respektéiern, huet awer e groussen Afloss op d´Resultat.
daat huet lo laang gedauert bis ech konnt heirober aentwerten. Eng gudd aentwert as mer nach emmer net agefall. Just eng vlaicht: Portraiten ouni kontext soen jo och vill aus well jiddfereen kann gesiichter liesen zu engem gewessen grad. Mais mam kontext mes de fier den betruechter d'interpretatioun mei einfach. Et as um Fotograf vier eng balance ze fannen an en gudden fotograf huet wahrscheinlech d'gefill fier dei richteg mesure vun Kontext. Du hues jo an desen Biller och e bessen hannergrond dran, asw...