Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Ronderem d'Cornelismillen

 
All Fotoen an dëser Serie:
7749 Thumbnail
7750 Thumbnail
7751 Thumbnail
7752 Thumbnail
7753 Thumbnail
Ronderem d'Cornelismillen
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    25.06.2010
  • Gekuckt:
    18312
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    18
  • Originaldatum:
    25.06.2010
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Objektiv:
    AF-S VR Nikkor 16-35mm 1:4G
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=46656]
Kommentar vum Fotograf:
Ech war haut dann eemol den Tour vun der Cornelismillen bei Ëlwen trëppelen. D'Éislék huet nawell schéin Ecker ze bidden...

An ech konnt mäin neien Super-WW-Zoom och mol an der Landschaftsfotografie asetzen.
arwa 26.06.2010 - 12:13
dei drëtt Foto erennert mëch un d'Haute Fagne !

iwwregens, d'Eisléck huet NËMMEN schein Ecken
ze bidden smile
awer daat wées du jo
suraki 26.06.2010 - 13:57
e richteg flotten Eck do smile
gtaddei1 26.06.2010 - 15:09
Flott Plaatzen ... flott luucht mé villeicht e bessi mei Kontrast well wann d'Luucht flott ass dann riskeiren d'Fotoen awer e bessi platt ze ginn ... Ech geif do villeicht nemmen Brightness liicht an d'Luucht setzen an dann mamm Kontrast kucken wat et get.
Nicon07 26.06.2010 - 17:41
Ech hun des Biller alt nees um MacBookPro verschafft mam verglastenen Ecran. Effektiv sin d'Fotoen op méngem Samsung SyncMaster 204T net sou brilliant. Schrott! Wat maachen ech dann elo. Um Lätonguepi hun ech Ps5 a LR3 an DxO6, well um PowerMac G5 (mat IBM Prozessor) laafen déi Versiounen net. Lo muss ech awer een neien Desktop Mac kaafen.... smile
gtaddei1 27.06.2010 - 00:44
Oder en neien Schirm dés du un de Lätonguepi mess... et ass mei bellesch an et géét och gudd...
Schrott ass awer elo nun net ... et bessi verschaffen an dann ass et top
Nicon07 27.06.2010 - 10:06
Ech hun nach eng besser Iddi: D'Fotoen um Lätonguepy verschaffen an dann op den Desktop riwwer huelen an do dann nach de Feinschliff maachen. smile
mmphotos 27.06.2010 - 11:23
Den laptop calibreieren? Hun en Glossy imac deen baal sou gudd an den Faarwen as wei een matten laptop schierm...
Nicon07 27.06.2010 - 11:32
Ech hun awer ee glossy laptop-Schierm. Hues du däin iMac dann och kalibréiert?
mmphotos 27.06.2010 - 11:46
jo den imac glossy as calibreiert.

Den schierm selwer as net vill mei schlecht wei een aaneren, en as just extrem gepusht an den Faarwen, an daat kritt een jo raus closed_eye
Nicon07 27.06.2010 - 11:50
Ech sin elo mol am gaangen d'Spyder3Pro Utility op de MacBook Pro z'installéieren an da gesin ech weider...

Merci mol fir elo.

gtaddei1 27.06.2010 - 12:28
D'Hellechkét dan och op 40-60% setzen , d'Kontraster e bessi schwächen ... dann gét et och
Ech hunn é matt Schierm op mengem Pro Mac an d'Helleschkét vill eroofgesaat an daat gét esou just duer
Nicon07 27.06.2010 - 12:30
Wéi ass et dann elo? Ech hun d'Fotoen elo op deem nei kalibréierte Schierm durch d'Gradatiounskurve gekéiert an di aal ersaat.
gtaddei1 27.06.2010 - 12:33
Vill besser... un waat Kontrast an Beliichtung ungét ... mé d'Vibrance ass ze stark ... E bessi mat der Saturatioun eroof goen durch
1- Den Grenge Kanal e bessi eroof setzen (villeicht och nemmen selektiv )
2- oder: D'Vibrance (stärkt vun den Fuerwen ) e bessi erofschrauwen .
Bei 1 zemool
Dei aaner sinn gudd no menger ménung
Nicon07 27.06.2010 - 12:35
Dat ass dat, wat ech gefaart hun. Mais, ech mengen, ech loossen et lo mol e besse sou sin, fir datt nach e puer Leit kënnen séch Gedanke maachen... closed_eye


Merci an nach ee schéine Sonndeg.
gtaddei1 27.06.2010 - 23:20
Schein Woch ... bis gesschwenn
arwa 28.06.2010 - 07:19
fräck, wat e Gedéessëms unhappy
*duckundwech*
Nicon07 28.06.2010 - 08:42
Dat gehéiert einfach dozou, Armand. An dat mécht Spaass!smile
arwa 28.06.2010 - 14:18
wann ée gudd Zeit huet < jo > closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 348 Gäscht online