Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Evening Sky

 
Evening Sky
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    16.07.2010
  • Gekuckt:
    21687
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    22
  • Beliichtungszäit:
    25/10000 sec
  • Blend:
    f/22
  • Brennwäit:
    70 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -2 EV
  • Gréisst:
    1000x603
  • Späicherplaz:
    327 KB
  • Originaldatum:
    2010:07:16 20:43:20
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Programm:
    Shutter Priority
  • Objektiv:
    AF-S Nikkor 24-70mm 1:2,8G ED
Kategorie: Natur »» Allgemeng  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=47254]
Kommentar vum Fotograf:
Haut den Owend virum Reen.
Kwitchibo 16.07.2010 - 21:37
Clash of the Titans smile iLIKE
Nicon07 16.07.2010 - 21:50
Sou oder ähnléch! closed_eye Merci!
gloda 16.07.2010 - 21:39
Flott ze kucken. Déi Mass uewen riets hëlt vläicht e bëssen ze vill Opmierksamkeet, wann s de uewen nach e bëssen eppes ewech schneids wierkt d'Bild méi ausgeglach.
Nicon07 16.07.2010 - 21:49
Mengs du uëwe lénks?

Ech hun do scho wech geholl, Awer ech wollt rechts uewen dat Hellt an den Eck auslaafe loossen an awer lénks net och nach eppes wech huelen. Mat dem resultat, datt di däischter Mass uewen effektiv e besse vill dominant ass, awer dat wollt ech mat a Kaaf huelen.
gloda 16.07.2010 - 22:12
Jo, et ass do wou ech mengen, mä ech verstinn wat s de sees, et wier Schued fir den Rescht ze verléieren.
Nicon07 17.07.2010 - 09:27
closed_eye
Merci Gilles!
JADE 16.07.2010 - 22:00
Nicon007 ... du bass erëm an Form!! ... oder en vacances?!!

schéiiiiin smile
Nicon07 17.07.2010 - 09:22
Ech hun eng nei Spillsaach. Kuck mol an den exif-donnéeën ënnert Objektiv.... smile
JADE 17.07.2010 - 10:18
ah bravo!!! ... (???) ...

unhappy du wees jo, daat dooten sin jo nëmmen eng Reih vun Zuelen fir mech unhappy
Nicon07 17.07.2010 - 11:01
Dat ass DEN Top-Allroundzoom fir Nikon, dat neits an dat bescht fir die giel Marque. Quasi nëmmen iwwertraff vum 24-70mm f/2,8 vun deenen aaneren do, wéi heeschen se scho méi??? Ça non! oder sou ähnléch... tonguebigsmile
Poly 16.07.2010 - 22:08
super dat doen, do haasst de de richtege Moment erwëscht,esou en Duercherneen hunn ech emol do uewen nach net gesinn
Nicon07 17.07.2010 - 09:23
Effektiv: Mir hun nach gemittléch Kaffi gedronk am Gaard, wéi ech dunn di Strahlen do gesin hun. An dunn ass et séier gaang. De Fotoapparat an de Bureau sich gelaaf, op de Kanner hier Rutschbahnplattform rop an dunn drop gehaal....bigsmile
mischii 16.07.2010 - 22:09
Waaaat een Himmel!!!!
mir gefällt et sou, perséinlech géing ech nët schneiden, well dat méi donkelt uewe lenks e flotte Kontrast bréngt. D'aan ass ugezunn vun der däischterer Wollek an der Mëtt an de Straalen, déi do erauskommen
an a puncto Reen, hei sin elo just e puer Drëtonguese gefall, awer och just e puer unhappy
Nicon07 17.07.2010 - 09:25
Sou get alles gerecht verdeelt. Di läscht Woch hu mir just gesi, wéi et ronderem gereent huet a mir konnten de Gaard mam gespäicherte Reewaasser netzen. Gëschter du goufe mir gehéiereg geduscht....
closed_eye
rom 16.07.2010 - 23:20
Déi as nawell béis gutt, an den Himmel och
Nicon07 17.07.2010 - 09:27
Sou een Himmel huet een net all Daag. Mais ech wéilt awer net sou engem Himmel begéine, wann ech wäit ewech vun engem Haus oder méngem Auto zu Fouss ënnerwee sin. Well dat wat en ukënnegt, ass net sou witzech... unhappy
Nathalie 18.07.2010 - 01:04
Flott Foto
Jeanny 18.07.2010 - 06:24
eng super Stemmung hues du fotografeiert Nico
marker 20.07.2010 - 00:40
...op de Kanner hier Rutschbahnplattform rop an dunn....

daat bedéit, entweder selwer ze kleng oder d'Heck ze héich bigsmile

nee, lo am Eescht, schéin knackeg Wollecken mat herrlechen Tounwerter, an ganz speziel déi dezent Sonnestraalen wou hannert deem "schwarzen Klotz" durchdrengen
gefällt mir ganz gudd esou..!!

sou Richtung Riesenhaff - Bungeref huelen ech môl un, oder?
Nicon07 20.07.2010 - 08:37
Richtung stëmmt. Bravo!!

Heck ze hécih, stëmmt och.... smile
Ech ze kleng???? Dat ass relativ ... closed_eye an dësem Fall vläicht awer och, "tongue

Dann has du di Wolleken do och gesin, oder?
marker 21.07.2010 - 20:48
jep, vu mir aus gesin awer bei waitem nët esou spektakulär....
nach eng Kéier, .... ee flott Bild..!!
gi87 20.07.2010 - 12:48
Herlesch ambiance um Bild ! Gefällt ma Super , ass Flott wei Sonnenstrahlen sech duerch woleken aduerch Drecken ! smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 328 Gäscht online