Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Nach emmer...

 
Nach emmer...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    08.08.2010
  • Gekuckt:
    28304
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    24
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    497x800
  • Späicherplaz:
    667 KB
  • Originaldatum:
    07 aout 2010
  • Fotoapparat:
    SONY alpha 100
  • Programm:
  • Objektiv:
    SIGMA 70mm 1:2.8 DG MACRO
Kategorie: Natur »» Planzen
2. Kategorie: Natur »» Makro
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=47888]
Kommentar vum Fotograf:
...um Farwentrip.
suraki 08.08.2010 - 20:05
ewéi en Preparat ënner dem Mikroskop, flott och an de Faarwen smile
Maimonides 08.08.2010 - 21:47
Genau sou, Ed,
eng "coupe histologique".
Ech geif dir esou gaeren
och op eng Foto
aentwerten....
suraki 08.08.2010 - 22:56
as net wichteg Charel,
kucken as och flott smile
Maimonides 08.08.2010 - 23:44
"Wichteg" ass et net, Ed,
dat stemmt.
Mais schein,
interessant a flott,
waer et schonn,
...fir den Horizont opzehaalen:
e geschreipstene Panorama
mat deem richtege Kontrast
vun enger vue
(d esprit et de grand coeur)
dei emmer nach derwert
war an ass
gewisen ze gin.
Oder, esou eng wei des:
den aale Mann an d'Stadt
suraki 09.08.2010 - 18:19
... irgendwann weisen ech nach emol e Bild, dat héecht dann ...
" den aale Mann an d'PG " bigsmile

merci fir de Versuch smile
Maimonides 09.08.2010 - 20:07
Sin dann elo gespaant op d Bild.
A waert et och blaiwen.
Jeanny 09.08.2010 - 08:19
Hallo Edy, leiw Greiss an eng schei Woch. ( ech hoffen du hues net obgehaalen ze fotografeieren? )
suraki 09.08.2010 - 18:30
merci Jeanny,
opgehalen hunn ech nach net, ech weisen meng Biller nach ëmmer,
loosse mer se awer net méi vu Léit refuséieren, déi mengen se kéinten
oder hätten schonns eppes an der Fotografie geléecht ...bigsmile

an och un dech (iech all) eng super Woch smile)





Jeanny 09.08.2010 - 19:26
waat soll ech schreiwen Edy,
wei soot den Krishnamurti,
Vergleichen führt zu Enttäuschungen
und ermutigt nur den Neid,
den man als Wettbewerb bezeichnet.
Maimonides 09.08.2010 - 20:21
"Verglaichen feiert och zu Iwerraschungen,
a stimuleiert dei eegen Kreativiteit
dei een, vilaicht, nach net genuch entdeckt huet."
(Maimonides)
closed_eye

Mais:
wees dat och den Arbiter ?
Et ass naemlech net un him
vir ee Verglach ze verbidden.
Deem seng Aufgab ass et
fir ze kucken dass Regelen agehaal gin.
Jeanny 10.08.2010 - 06:10
Jo Charel , déi Liewenswäisheet vum *Maimonides*,
gefält mir nach besser.

suraki 10.08.2010 - 08:33
Charel , ech setzen momentan op der "Bänk", well de (mäin) Fräiraum fir Kreativitéit an Ausdrocksweis, mer elo schonns ze oft geholl ginn ass

@Et ass naemlech net un him
@vir ee Verglach ze verbidden.

mer spillen all op sengem Terrain, an hien décidéiert
(fir déi de Méechten *g*) op et en 11m get oder nët .



Jeanny 10.08.2010 - 11:08
Neen Edy sou hunn ech et net gemengt, ech hunn et emgedreiet gemengt, deng Fotoe sinn wonnerschein et war nach keng derbai, dei mir net gefall huet, daat weess der jo.
Ech hunn dei Liewensweisheit op dei bezunn dei se zenseieren, dei deng Foto revuseiert huet.
Entschelleg Edy.
suraki 10.08.2010 - 11:36
Jeanny , mer hunn eis verstanen smile smile
suraki 10.08.2010 - 08:14
(mmm... dach Jeanny, ech schreiwen elo awer wat ech denken *g*)

nee Jeanny, bei mer trefft dat net zou, Näid an Enttäuschung iwwer Biller ? ? wat ass dat dann ?, an als Konkur hun ech dat heiten ni gesinn ;) d'Fotoen am grousse Ganzen , hei sinn esou Villfälteg , dat et bal net méiglech ass fir ze vergläichen, an dat ass och gutt esou.

(Ech wées och, dat dat net esou vun Dir geduecht war ;)

Wann ech awer probéieren, déi eng oder aner Foto, déi op den éischte Bléck banal erschéngt, méi genau ënnert d' Lupp ze huelen, ewéi z.b. elo en Bild vun eisem "Arbiter",

Et ass keen Schachbriet


(sorry Charel elo gëtt déi Bild hei mëssbraucht)


an Dat, dann mat mengen, och refuséierten! Biller vergläichen, wëll ech ausdrécklech betounen, dat ech doriwwer net néideg an och net enttäuscht sinn ! éichter vläicht verwonnert ? Ech fannen dat dat Bild, och wa Léit et genial fannen ? .... mengem "gou" nëtt entsprécht.

Ob et ënnert dem Duerchschnëtt vum Auteur senge Biller leit, ass net u mir ze jugéieren, an ech sin och frou doriwwer. Mee d'Hand op d'Häerz , kann ech behaapten dat dat Bild net gutt ass ?? nee, eben nët, .... et huet seng Daseinsberechtegung an et soll och hei gewisen ginn , och wann et fir mech selwer absolut net interessant ass.


E Bild dat wéinstens d' Grondbedingunegen erfëllt, dat heescht: d'Belichtung as gutt, d'Schärft klappt, den Opbau as ok, wann et einfach virweisbar as, ... muss hei acceptéiert gin !

An ..... op et dann banal as, kann och kéen Johnyarbiter hei behapten !!

Ech hu jo ennert sengem Bild do Uewen e bëssen provokativ ( hehe ) geschriwwen , ..... --> "du kanns et besser "

d'Äntfert muss de selwer kucke goen Jeanny , se as guer net emol esou schlecht a falsch, .... alleng schon well hien (eisem Arbiter), se ennert säin eegent Bild geschriwwen huet ..... a net vir jiddereen ziele léist !! bigsmile

ganz kuerz nach emol, vir mech war dat hei ni e Wettbewerb, a neidesch war ech och ni iwwer keen hei ,

... net iwwert dem Shanti seng super Biller, dem Gloda seng perfekt Fotoen, deng immens schéin Makroen, net iwwert dem Charel seng villfälteg herrlech an ëmmer schei ze kucken Fotoen a Geschichten, dem shino seng immens Streetgeschichten ..... an an an sorry ech kann se net all opzielen smile



awer dat wées de jo Jeanny smile
Maimonides 10.08.2010 - 20:45
" E Bild dat weinstens d Grondbedingungen erfellt (...) muss hei accepteiert gin".
Dat ennerschreiwen ech dir direkt.
Ausserdem ass de but vu PG jo (och) dass een eppes baileiere soll, duurch Diskussiounen iwert seng Foto. Dat geet awer nemmen wann se eropgeluede get (well se trotzdem d Grondbedingungen erfellt).
suraki 10.08.2010 - 21:00
an dat as richteg esou Charel !!

esoulaang sech heirunner neicht ännert, an weider eng
Zwouklassegesellschaft !! hei bestoen bleift ,

(... ewou déi eng ouni mussen freizeschalten, kennen alles an egalwat eroflueden, an mer Bëllessen fir all Topeschkéet ... wann den Titel dem "Arbiter" net gefällt, eis Biller refuséiert kreien)

esou laang kucken ech hei nëmmen nach smile smile
Maimonides 10.08.2010 - 21:14
Du denks jo awer nach un "den aale Mann an d PG"...?
suraki 10.08.2010 - 21:20
ech hunn der jo eréischt 52 zeg closed_eyebigsmile

Maimonides 10.08.2010 - 21:28
awer "rabbelkaeppig" wei ee 25 jaehrigen.
An dat ass ee Kompliment, Ed. An ee fatzigt.
closed_eye
Jeanny 09.08.2010 - 08:16
wonnerbar dei Linien am Blatt.
herrlech Faarwen
Maimonides 09.08.2010 - 20:22
Merci, Jeanny.
marker 09.08.2010 - 20:11
..sou wéi vun dir gewinnt, gudd gesinn a genau esou hei présentéiert
ganz flott Opnahm..!!
Maimonides 09.08.2010 - 20:23
a Merci, marker.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 390 Gäscht online