merci Gennaro, jo do ass nach net vill Loftverschmotzung an d'Luucht ass einfach sou klor an den Himmel onbeschreiwlech blo.
D^Leit déi do wunnen sin awer nët ze beneiden an d' Selbstmordrat ass terribel héich
merci och fir de Fav. dat huet mech gefreet, well Grönland mir emotionel ganz vill bedait
D'Selbstmordrat ass heisch an allen Länner wou d'Luucht net hell genuch ass. Daat geschitt an eisem Land och (mé hei schwätzt kén dofunnen ... et ass verbueden)
An Skandinavien maachen sie am Wanter eng Luuchttherapie fir d'Déressioun ze bekämpfen... Sie hunn 21000 Lumen Luuchten um Dësch vun de Cafféen stoen
jo, fat ass mer scho bewosst, mee hei kommen se no an no aus de klenge Siedlungen andi mi grouss fir Aarbecht ze fannen, et ass awer keng do, en plus ass duerch die kleng Zuel vun Awunner an de Siedlungen immens Innzucht, an den Alkoolismus ass schlëmm, obwuel se net agressiv gin, mais einfach besser drop sin. Sait den Transport besser fonctionnéiert, kréien si Béier en masse. Iwwerall leien der dänescher Bechsen rondëm, en Horror, eis Guide huet se Greenlandflowers genannt. Aus zouversiichtlecher Quell, krut ech och gesot, dass sie dann hir Schlittenhënn deelweis uerg maltraitéiren an déi sin doduerch ganz agressiv
Nu jé ... Zivilisatioun... Politik ... an Kulturkrisch ... dat alles brengt dei ëmm dei 2000- oder och méi an rou geliewt hunn... Ech schummen mech oft iwer daat alles ---