Dëst as den Marc Gerard een gudden Kolleg wou ech frou sinn dass ech kennen geleiert hunn duerch Photogen.lu, well bei dessen Site geet zwar em Fotoen mä et ass eng super Plattform fir Interessant Leit kennenzeléiren!
Gäil Foto. Gesäit aus wéi wann den Hannergrond, d'Luuchten an den Model einfach mol esou dohin geklaakt goufen an awer klappt et an et passt alles zesummen. Cool!
keng ahnung, do kennen ech mech net esou aus a9 mat Breller b) mat Beliichtung am Studio, mais se keinnten e bessen manner stark sin fannen ech ! (ps : villeicht einfach de(genau) falschen Wenkel erwecht ?)
Fir wat ass haut den Sacre du Printemps vum Stravinsky een groussen Klassiker obwuel en 1913 een risegen Skandal zu Paräis bei der Première ausgeléist huet? ...
Ech well deng Foto elo awer net mam Sacre vergläichen... Awer... Du méchs eng Foto mat enger PowerShot S90 vum Marc am Studio. D'Blëtzer reflektéieren sech am Brëll, den Hannergrond ass dreckeg an kromm... Op all Concours wiers du elo schon ënnen duerch (wéi den Stravinsky mam Sacre). Awer du wollts jo keng Foto no deenen alen steiwen Regelen maachen (awer dofir muss een d'Regelen och kennen). Du hues dech awer perfekt mat denger Foto (plus BEA) "ausgedréckt". Den Kommentar ass flott awer och just eng Zousatzinformatioun. Ech perséinlech fannen deng Foto mat deenen ganzen "techneschen Onperfektiounen" richteg flott well se genau dat ausdréckt wat se soll.