Also mär gefällt di ganz Serie ganz gudd! D'Fotoen hun eppes waat mech direkt ugesprach huet. Meng favourites hei sin di zwou läscht.
Sou a lo deen (hoffentlech) mi nëtzleschen Kommentar :
Also, ganz schick fannen ech d'Beliichtung well se onkonventionell ass an d'Vignettéierung leed de Bléck ménger Meenung no och op di richteg Partien vun de Biller. Bei der éischter Foto hun ech mech gefrot ob eng besse mi transparent Vignette net och schon duergaangen wier, well d'Bild esou op mech awer arg enk wierkt. A moins dass daat den gewënschten Effekt war, dann ass daat natirlech völleg ok!
Foto Nr. 3 ass top, gudden Opbau, staarke Wénkel, schéine Bléck an de Kontrast am Zesummespill mat den desaturéierten Farwen gin dem Ganzen eng relativ 'roughness' di 1A bei d'Rock-Thema passt. Just eeeee klenge Punkt: d'Nathalie hällt hei seng Guitar e bessen onnatirlech, resp. e besse verkrampft, wi wann et eng AK47 wier. D'Pose ass exzellent mee ech denken mat engem Schëllergurt wou d'Guitar dru gehaangen hätt, hätt een d'Foto e besse mi kinnten 'strecken' (z.b. Guitar liicht mam Hals no uewen, net horizontal) an d'Nathalie e besse mi entspaanen, resp. rockeg ausgesin loossen. Ech wier interesséiert d'Story/d'Iddi hannert deer Pose op der Foto ze héieren
Di läscht Foto ass super! Daat ass vum Opbau immens, d'Beliichtung stemmt och, d'Pose ass natirlech an di erausgestreckten Zong gett dem Bild de läschte Schlëff. Giff ech mer direkt un d'Mauer hänken Just Fro dozou: ech erkennen ennert séngem Arm iwwerhapt kee Kierper méi, et gesait e bessen sou aus wi wann et giff schwiewen. Ass daat d'Vignette di e liichte Reflet/Halo vun den Kleeder schléckt oder war et do effektiv sou daischter? Ech denken nämlech wann een do nach gaaaanz liicht d'Konturen vu séngem Réck & Bauch giff gesin, da giff d'Bild nach mi plasteg wierken an nach zousätzlech u Perspektiv gewannen.
Hoffen méng éischt Versich eng Foto ze kommentéieren sin net komplett an den Eemer gaangen an reegen zum gedankelechen Austäusch un. Et kann ee mer och roueg soen wann ech niewt der Plack leien %u02C6%u02C6.
Moie Loki
sorry dat ech net éischter äntweren, war de w-e zimlech beschäftegt
Vignettéierung ass eng Saach vu Goût an se ass hei nun emol mi "haart" ausgefall...
Haltung vun der Guitar ass leider e bëssen ënnergaang......mir waren total an Zäitdrockgeroden, wëll mer d'Location hu missen em eng bestëmmten Zäit verloossen an dat mam Schëllerrimm ass e bëssen ënnergaang......dat ass d'Story, leider.......
et war eis op de Geste vis-à-vis vum Mikro ukomm an hunn dofir d'Luucht dorop konzentréiert
merci fir deng cc , mir huelen eis déi gär zu Häerz, .....no engem shoot ass virun engem shoot