Eng Gedélten Landschaft... ewei awer daat Alt Majestüös op daat neit Mikrescht kuckt. Awer d'Wéer délen sech definitiv, pragmatesch fir dat Virtuellt, Produktioun fir den Konsum, dat Menschlech fir dat ...?
Né guer net esou wait ... sinn einfach de Bierg erop geklommen well ech net mamm Auto bis bei de Bësch koum.
D'Portugiesen an Garden laanscht d'Strooss hunn mir eng kleng Drëp offreiert... War der waert
Jop schon , just daat gebei vUn der arbed gesäit no monster aus, dat ass d'inkarnatioun vun engem "beise" gebei. Ech fannen dat esou eppes vun imposant wann een um belval am rond point dei buud gesäit .
@gennaro: jop mat kloteren geet et bedeitend mei seier
D'Faarwen gefahlen mir immenz gudd:
Raschtech Schinnen - Rouden Buedem
Reflexioun vum Himmel op der Oberfläch - Richtegen Himmel
An dann och d'Silhouette vun den Bierger déi dem Bild en Hannergrond verschaafen.
Flott, Flott!
Jo deng Spezilaiteit ass erof goen!
Do war ech schon lang hinn ... mé et ass nie eppes ginn. Leschten Sonndesch war eng Flott Luucht do an ech hat 30 min Zait fir mech. Et war kaal do uerwen
Mer d'liaison Micheville, geed herno durch Aude, an dovir muss den Bahndamm en Deel vun der Breck Richtung Schlachentip fort, fir dat do 4-Spuer durch passen, den rescht vun der Breck soll am Moment awer mol nach bestoen bleiwen. Fannen elo leider net den Projet, well d'Fransousen hunn do alles genau erklärt, virun allem eng Lescht mat all deem wat am Wee ass.
hmm, Gennaro,
ech wees dier dr sid jo keng empfindlech, well ech fannen, gemoos un deem wats de dei läscht meint bruecht hues, des foto langweileg !
weder motiv, nach verarbeschtung fannen ech dengem niveau entspriechend...
ech kann mer fierstellen dat do am A0 nach vill detailer ze entdecken sin, mais wat ech hei gesin as wei gesoot e bessen platt !
Mais ech denken an 3-4 Wochen kreien mer erem richteg geil Bollywood-Street-Fotoen gewisen hei !
Mé et ass eng Platt Situatioun... Wantersonn um 12h30 ... matt Schnei.
Langweilesch? Et ass meiglesch... et ass bei ais dohém , ouni besonnesch Spannung... daat ass wouer... Bearbeschtung? Bal keng. Lang pose am HDR an just nemmen kontrasteiert (5 min Arbescht)
Ech halen awer op dess Foto fir mech well dei awer Symbolesch ass ... Verrottung net vun der Br¨ck asw mé vun enger Mentaliteit ... Et ass e bessi esou ewei sech dei mescht Aarbeschter an der Minett fillen dei zenter 20 Joer an der Pensioun sinn. Sie hunn d'Gefill net mei dohinner ze geheieren... Jo ier Welt ass e bessi "verplatt"
Merci MArco fir dein Kommentar... Mé beim beschten Wellen weist ech net wei dess "besser" ze maachen. Villeicht guer net machen? Meiglesch...
Bis geschwenn
Mier fehlt hei einfach e Sujet ... alles am Hannergronnt as ze kleng, an fier as naischt ausser dei Schinnen, wann elo do en aalen wagon geif stoen/fueren ... hmm ... mais esou as t'aan e bessen verluer a wees net wouhinner kucken !
mais bon, naischt fier ongut, adg ...
Verstinn, e wagon? Na ja... Et waerten 30 joer sinn wou de leschten do gerullt ass. Du hues den thema awer erfaasst eidel ouni senn!!! Mir sinn jo net vir neischt Biren oder Ex biren. Lol
fier mech gesait et eischter esou aus als geif deen aalen deel vun esch verotten geloss gin an all energy an en quasi nei-esch geluet gin ... mat deem mer eis net identifizeieren kennen .. geblend duerch daat neit gesin mer net mei daat aalt
zu der technik .. du hues schon vill besseres gemaach
Genau daat waatste soos ass fenau daat waat ech empfannen.
D kritik: akzepteiren , natirlech mat Bescheidenheet. Muss mech nees drunn ginn.
Na ja et ass net emmer sonndesch ( d' italiener soen daat fir ze soen daat net alles gutt kenn sinn ).
Dat ass dat gutt bei pg... Wann eppes dem standard vum member net mei oder manner kennt dann kritt een daat gesoot!