Duerfir hunn ech jo an mäin Kommentar geschriwwen ween d'Iddi hat a ween se realiséiert huet. Dat ass wéi mat der CT:
wann den Architekt déi net esou flott gebaut hätt, dann hätt och keen esou flott Fotoen dovun kënne maachen. Wee war den Architekt ?
Mat der CT ass nach e wéineg eng aaner Saach, well et do 1000 verschidden Perspektiven ginn, fir daat héi integral ze weisen awer nitt, dofir luewen ech dech, dasste et gesinn hues
Vu weem ass CT gebaut ginn ? Wee war den Architekt ? Wien huet "1000 verschidden Perspektiven" méiglech gemaach ? Ouni den Architekt, keng Foto.
Ech fannen et ëmmer schuet wann Erënnerung verschwënnt.
Ween huet Stonehenge gebaut, a ween Notre Dame, den Dom vu Pisa, a ween huet an der Grotte Chauvet gemoolt ?
Obs du mech an deem Kontext elo luews oder net, dat ass kale Kaffi.
Ech mengen mir schwetzen lanschteneen ech wees waas du wells soen, mee an der CT ass eben méi kenschtleresch Fräihäit fir de Fotograf, daat wäer jo kee Reproche géint dech...
Ech hunn dat och ni als Reproche ugeholl.
Wann an der CT "méi kënschtleresch Fräiheete" sinn, da sinn, och déi, dem Architekt ze verdanken. Keen denkt méi un déi di geplangt a gebaut hunn. An déi di dat am Bild festhalen, denken trotzdem e bëssen u si, och wann se hiren Numm net méi kennen.
"Kënschtleresch Fräiheet" heescht an dësem konkrete Fall just e ganz klengen Gedanken un déi ze behalen, déi och well Kënschtler waren. An dat huet kee Fatz mat Budget ze dunn.
Ma wannste lo di héi zwee Fäll hues - d'Kaatz huet nitt vill kascht (d'Traap an d'Fäerw), am Géigesaatz dozou well ech nitt wessen wéivill d'CT kascht huet Villäicht ass eng Verallgemengerung onpassend, daat géif jo heeschen dass ni een Independant-Film kéint méi Succès hunn wéi een Hollywoodblockbuster, do hunn ech d'kenschtleresch Komponent villäicht zevill négligéiert, an awer...kuck wi mat der Kamera, mat enger Wegwerfknips kanns du Wahnsinnsfotoen maachen, mee irgendswann stéisste un Limiten wouste nitt laanscht en DSLR, een deckt Objektiv, ee Bletz oder sou kenns, e Budget erwéitert einfach d'Méiglechkeeten. Dann hänkt et natierlech un de Léit daat och emzesetzen
Du kanns mat engem deieren Equipement banal Foto maachen, ëmgedréint ass dat och méiglech.
Ech bleiwen trotzdem derbäi dass wann een "Architektur" knipst och soll deen ernimmen deen dat geplangt (a baue gelooss) huet.
Ouni deen wär nämlech keng Foto méiglech.