schued dass dei Linn fun den Kessen den weinegen Bildopbau duercherneen brengt den dran gewiecht wier...
soss awer flott gesin mat den schwarz vs. waiss Téin
De Model eng Handbreet méi no lënks gerëckelt an d'Béen hätten déi Linn vun de Këssen verdeckt... hun emol probéiert déi Linn ewech ze retouchéieren (sommairement), de Bildandrock ass dann effektiv liicht aanescht... op daat elo besser ass, ass eng affaire de goût...
Also mir gefällt se ganz gut, dat mat där Linn vun der couch stemt amfong wei de BlackPanther scho soot, me soss, tiptop. An aal Kamell hin oder hier, scheine Kieper
Hehe also soe mer mol sou, ech wees net wat e connaisseur ausmecht, mee ech wees wat ech schein fannen wat Formen ugeet, das jo sws eng affaire de gout gell
mol vun der affaire de goût oofgesin ass é connaisseur éen déen schéi Formen oder och aaner schéi Saachen déi dem allgemengen ästheteschen Gefill entspriëchen appréciéiert...
gefällt mer imens gut dat do ... zu de kessen, ech keintn mer och fierstellen se an eng linn mam Collant ze setzen, sou dat eng 2t diagonal doduerch entsteht wou weiiss/schwarz getrennt get ....
op jiddefall super foto !
Merci Edouard, do gesäis de wéi ët ass... éen brengt ëpes op d'Tapéit (d'Linn vun de Pillemen) an aanerer sprangen och op den Zuch, waat jo am Fong kee Fehler ass... Wéi ech déi Foto sengerzäit hei eropgelueden hun, do war déi Linn keen Thema...
"Wéi ech déi Foto sengerzäit hei eropgelueden hun, do war déi Linn keen Thema..."
tjo ... während déi eng vun daer Linn oder deenen Linnen schwätzen an babbelen an philosophéieren ... bewonneren (oder beneiden) déi aaner d'Kurven
wéi ech op engem aaneren Site een ironeschen link gelies hun, geet ët effektiv haut baal guer nët méi ëm d'Essenz, ëm den Sënn vun enger Photo,
mee oft nach just ëm all eenzelnen Pixel, Strëchelchen, cm/mm, /1O Blend, etc ... deen hei an do nët dem Perfektionismus gläich ass
bon, ech hun deemols den Collant kritiséiet, deen eng klitzekleng Mack haat ... mee daat awer och just well ech soss näischt aaneres soen kann ... an haaptsächlech och well ech neideg war, an nach sin :-( ouiiiiiiinnn
... kuck emol Jade, du brauch eigentlech nët neideg ze sin, well eng Foto nët ëmmer onbedingt d'Realitéit erëm gëtt, wëll soen dass éen Formen kann optiméieren, wann ech och der Meenung sin dass daat soll a Moossen bleiwen...
Mir hun hei z.B. e gudde Fotograf, den Vitorio alias m-otiv den senge Modellen heiando esou laaaang Béen verpasst huet dass é baal gemengt huet së géifen op Stelzen laafen...