Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

hun elo just ...

 
hun elo just ...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    25.01.2011
  • Gekuckt:
    24460
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    16
  • Beliichtungszäit:
    1/320 sec
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    75 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x533
  • Späicherplaz:
    219 KB
  • Originaldatum:
    2011:01:25 12:40:23
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 550D
  • Programm:
    Shutter Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Technesch  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=52596]
Kommentar vum Fotograf:
dorunner geduecht, dat en HighKey net onbedéngt an engem Studio muss gemaach ginn. Fléicht kennt an nächster Zäit iergendeppes an deeër Richtung vu mer.
Nicon07 25.01.2011 - 17:29
Interessanten Effekt fir Industriefotografie. Dat gefällt mir an et versprecht nach flott aaner Fotoen an deem Genre. Ech si gespaant.

Iwwregens: di Foto erënnert méch un d'Tableauë vum Piet Mondrian.

z.B. hei: http://kulturrama.blogspot.com/2010/12/mondrian-de...

Wat géings du dervun haale, de cadrage nach e besseb ze äneren? Ech denken do un déi rechts Partie mat där gringer Kabaischen. Ech verstin, datts du déi matgeholl hues, well doduerch och roud a gring an dénger Foto ass, mais wéi wier et, wann een déi géif wegschneiden an de rechtse Bord géing do usetze, wou di dräi Stroumleitungen erof op den Daag gin? Et ass eng Iddi, eng Matière à discussion.
suraki 25.01.2011 - 18:16
merci Nico, en interessante Link
déi Virschlag hunn ech elo probéiert well en wierklech interessant ass, wat mech dorunner stéiert, ass emol virun allem dat ech do aus dem Format (30x45) erausfalen . Mer gefält an deem Fall de Cadrage net méi, an d'Bild gëtt mer dann och nach, ouni mat de Komplementarfaarwen vun der Kabaischen ze eidel ... et fehlt mer dann eppes am Bild
merci awer vir d'Propositioun smile)
Nicon07 25.01.2011 - 20:32
Genee dat hun ech och geduecht, datt géing geschéien, wann een d'Haische wegléisst. Dofir war et och eng Iddi, vun där ech selwer och net 100% iwwerzeegt war au détongueart, mais ech wollt se awer mol lassgin. closed_eye
suraki 25.01.2011 - 20:46
an dat war och gutt esou Nico, ech soen der dofir nachemol merci smile
Maimonides 25.01.2011 - 21:08
Et ass net nëmmen e Problem mat der "Komplementar-Faarf" déi da feele géif, mais et géif och nach de komplementar eckegen Volume zu deem ronnen Tank fehlen.
Mir gefält se super,
esou wéi se ass,
Ed.
Nicon07 25.01.2011 - 21:20
Dat ass et, genee dat ass et, wat ech net erkannt hun, bewosst, mais wat awer onbewosst a mir geschafft huet. smile
suraki 26.01.2011 - 12:44
smile
suraki 26.01.2011 - 12:44
genau esou Charel, merci smile
xaph32 25.01.2011 - 18:40
wat mëch stéiert, ass dass déi industie do guer nët futti ass closed_eye

am eescht lo, ech fannen déi grafech elementer an der foto saugutt
suraki 25.01.2011 - 18:59
merci Xaph, hu mësch och driwwer gewonnert dat dat iwwerhaapt geet.
Beim knippsen vun esou "neie" Saachen fäerten ech ëmmer dat den Apparat
net ausgeléist an d'Optik giff
Gaga 25.01.2011 - 21:49
pas mal dei do ... den ausergeweinlechsten Hk deen ech bis elo gesin hun ...
mais t'bild u sech gefält duerch t'compositioun an t'farwen
suraki 26.01.2011 - 12:15
merci Marco, dat héiert een gären.
mischii 25.01.2011 - 22:39
Jojo, där do nach, ass wierklech interessant, an ech sin lo ganz gespaant
suraki 26.01.2011 - 12:18
free dech elo net ze fréi Michèle , ... mä d' Iddi ass emol do closed_eye
merci
JADE 25.01.2011 - 22:48
oh ben, daat Stéck Haisschen ass awer den Tëtonguepelchen am Eck! smile

waat mech stéiert an daer Foto, ass, dass ech nie op d'Idee komm wier se ze maachen ... an daat ass daat waat ët ausmëcht ... esou Saachen ze gesin an och adequat cadréieren ze kënnen

suraki 26.01.2011 - 12:25
hehe, den rechteckegen Tëppelchen am Eck, dat gefält mer, an kann nëmmen vun der kommen smile
merci Jade, an ënnert eis, et ass net schwéier soss kéint ech et net maachen closed_eye Den Trick ech verroden en elo, en 8mm Wéitwenkel an an d'Landschaft knippsen .... dorno doheem an a rou, kanns de der gemittlech deng Dozen Biller erauscroppenbigsmile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Passerelle

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: MandyM
Am Ganzen: 3726
3 Benotzer an 645 Gäscht online