Nee, nu haalt awer op, déi kennen ech och, déi Stengeforter Gänsen sin bekannt ewéi en bonten Hond (souwäit dat iwerhaapt méiglech ass) Hat jhust net direkt d'Anlag an der doten Perspektiv erkannt ehem....
Daat sin déi fies Stengeforter Gänsen nee..? Déi sin wierklëch extrem ugrëffsëschteg... Hun heinsdo richtëg Angshct virun deenen Déieren
Fannen déi Foto awer déck gudd, ëch géing mëch nët sou no un déi runtrauen..
Halen emmer léiwer en riesen Ofstand an gi seier laanscht se
Jo, ët sin déi Stengeforter Gänsen.
Nee, ët ass kee Montage, hunn awer eng iett Masken gebraucht bis dass Ech de Kontrast esou eraus hat. Ech kann déi Gänsen och gudd verstoën, dass'se quésch ginn wann een hinnen matt engem Fotoapparat virun dem Schniewel erëmfuchtelt.
Munch é Prënz ass do schons méi ausfaalend ginn.
super, mécht richteg Loscht op e Wäitwénkel-Objektiv; fannen och flott wéi dem Haptprotagonist säin Hals d'Form vun de Beem a Sträich hannert dem Séi matmécht
genial, zwee dinosaurier dei sech geigensaiteg platt machen den een kuckt su öhm...komesch drann, den aneren well em direkt un d guergel gesait einfach super aus mat den woleken an dem soklen hannergrond, hellen wiss virdrun ...