Fir mech stecht dain Motiv an der Kompositioun net mei genuch erfier!
den Filtrage as immens daischter gin, an den Hannergrond as voll mat Detailer...wanns de eventuell bessi blurren giffs, an dFee mat der Hellegkeet/Kontrast nees giffs erfierbrengen, giff se mer warscheinlech nach besser gefaalen.
merci vir de Verbesserungsvirschlag Olli, ech hunn eemol e bëssen dru gebastelt, d'Joffer méi erausgeholl an d' Detailer méi douce gemaach ... et ass mer awer wichteg dat se nach dra sinn a net erausgefuerdert ginn, düster sollt et bleiwen.
Esou mengen ech ass et eng Grëtz besser , thx
merci fir den Tipp, wann en méi laang un esou engem Bild wurschtelt huet gesäit en dat net méi.
an dofir ass et och daachs besser d'Bild dann no engem Daach oder eréischt no e puer Stonnen nach emol ze kucken.
merci Zora,
wollt einfach emol erëm, den ganze Buttek vun engem Bild weisen,
ewéi een fuddele kann. Hat dat schon e puer mol gemaach an d'ass
fléit fir den een oder aneren Ufänger interessant ?
also mir gefällt se och super
ech fannen daat graad gutt, dass d'Fee (?) nët erausstëcht, mee dass een se e bessi sicht, dass d'pupill e bessi focuséieren muss, esou wéi daat och am Bësch/an den Dreem/an den Illusiounen ass
soss muss ech soen sin ech begeeschtert waats du aus den originals machen kanns
ech wees och nët op ët vill Aarbecht ass oder vill Kenntnisser brauch, daat ass och egal, well d'Resultat ass richteg gutt
errënnert mech och bessi un déi Filmer aus der Stummzäit
merci fir deng Analyse Jade )
den Olli hat awer Rescht, hunn de no sengem schon e bësse geännert,
se war wierklech an de Beem ze schaarf an ze vill Detailräich.
.. ah jo, du bass ugeholl
jo Jeanny, ech sinn eréischt um 17h higefuer, .... hat net méi drunner geduecht.
A gut dat am Sidecar Benzin dra war heehe .... dat huet mer dräi km lafen erspuert
hunn Plakat gelies awer den Datum net matkritt, verpasst ma da bis nächst Joer
lafen hält fit Edy, awer mat der Benzinskan am Grapp......dat wier eng sténkeg Affaire ginn.