Extras: e fräiwellegen den de Bletz ugehaalen huet :)
Fir anzesetzen: [pg_img=57654]
Kommentar vum Fotograf:
01/06/2011
Fotoserie mam Christophe (a sengem Accord) am Restaurant Onesto an der Stad. Et war e flotten a gemittlechen Owend. De Christophe hat dat ganz gutt gemeet an d'Location hat eng flott Ambiance.
Den Haaptproblem wou ech hei gesinn ass dat d'Beliichtung, ausser bei der 3ter, net stëmmt. D'war deen Owend effektiv net sou dat einfach déi richteg Beliichtung ze kréien, well een sech huet mussen dem Liicht upassen an net ëmgedréint. Häss bei all neier Liichtsituatioun missen d'Positioun änneren, sou d'Liicht net einfach iergendwou hin fält, mee präzis op dat wichtegt Element vun denger Foto. Wat och nach opfält ass dat bei puer Fotoen (haaptsächlech 2t an 4t) ze vill vun dengem Blëtz an der Foto ass. Wanns de mam internen Blëtz geschafft hues häss de deen am beschten op minimal Kraaft gesat an evtl. mat der Hand géint d'Bild ofgedeckt, oder wanns de en externen drop has, deen einfach iergendwou an den Nirvana dréinen, dann beaflosst en d'Liichtsituatioun vum Bild net.
S/W hätt wéi gesot hei och zimlech gutt gepasst, well sou Elementer wéi den gréngen Bändchen d'ganz Stëmmung einfach fuerchtbar stéieren.
dat war mier sou fierdrunner alles guer net opgefall,
an lo wous du et sees faellt mer daat (leider reischt) och an d'Aen. War effektiv guer net einfach war alles och nach neiland fier mech (mat Bletz an mat engem model schaffen). Benotzt hun ech een externen 430EXII mat diffusor, ech mengen ech haat en op 135° gekippt (hun och domadder permanent rendremmer gespillt well ech den och nach net laang hun).
Ech hat de Bletz di meeschten Zäit op Ettl stoen, reischt herno op Manual gesaat fier dass di studiobletzer matgin (wosst daat alles guer net)
Kloer ech muss mech nach mat der ganzer Saach auserneen setzen.
Merci fir di konstruktiv an ausführlech Kritik ech wärt mer dei zu Herzen huelen an et besser emsetzen naechste Keier.
Hat ech d'läscht Kéier vergiess: Onbedéngt den Briquet nieft dem Fouss an der 2ter Foto retuschéieren, deen passt guer net! Sou kleng Detailer kennen immens vill un enger Foto ausmaachen, am Gudden wéi am Schlechten...