Wollt des Foto amfong knapps iwwert sengem Kapp ofschneiden mee hun fond daat et awer besser ausgeseit wann dee Baam hannen ganz drop ass. Waat denk dir?
Den Kontrast ass menger Meenung noo genau richteg. Schwaarz/Wäiß natiirlech passend.
Hm wanns du se oofgeschnidden häss wär se och net schlecht gewiircht, mee sou gefällt se mer awer besser well d'Bild mat der Kompositioun mei oppen ass, du léis hier bessen mei Fräiheet. Soss wär denn Mann schon rem mei enk kadréiert, noo uerwen hinn.
Gefällt mer ganz gudd esou.
Ech wees elo net ob deen Mann einfach esou do stung, oder fir dech gepost huet? Soss häss de him kennen soen en sollt mei no ennen, ob den Buedem kucken. Dann wär dat "All Alone" oder "Still Waiting" vielleicht nach besser riwwer komm, mat Trauregkeet an Gedanken verbonnen.
Nee dee Mann stoung zoufälleg do an wéi ech en gesinn hun haat ech direkt dest Bild am Kapp, sin frou daat ech méng Iddie sou emsetzen konnt wéi ech mer se an deem Moment firgestallt hun
Mam Titel vum Bild war ech mer net secher, 't ass mer op Anhieb net wierklech een angefall an hun en lo mol op "still waiting" geännert ... passt dee besser?
Edit: Aaahh du editéiers dein Kommentar de ganzen Zeit, lo passt meng Äntwert well nees net méi richteg Wéieen Titel hätt dénger Meenung no dann besser hei gepasst? Mir fällt nämlech keen sou direkt an ...
Nach emmer Stroosbuerg Ma do kennen mer eis jo op eppes gefaasst maachen. Ech hätt se vlläicht awer mi eng cadréiert, dat Gebei mam Gerüst do bspweis oder och di Terrass sin oninteressant. Ech huelen zua un dat de gudde Mann einfach esou do stung, oder?
Jo do gin ech der recht, daat Gerüst mat der Terass ass wierklech net immens interessant an haat och probéiert daat wegzeschneiden mee daat huet mer am Endeffekt awer net sou gudd gefall well d'Bild mer dann ZE eng cadréiert geweescht wier ... sou kuckt de Mann einfach méi weit an d'Foto ran an daat huet mir perséinlech besser gefall An jo, dee stung einfach sou do