Zu Hamburg an der U-Bahnstatioun. Déi Vignettéierung hun ech gemach fir den Typ ze verstoppen wou mer grat an Bild gelaaf war. Krut duerno keng mei hin wou sou wéineg Leit drop waren :-/
wow daat villt weisst an dann bessen schwarz an weineg rout. ech fannen dei Faarwkombinatioun super, dann nach dass den quai net riecht Mais ronn ass fannen ech super
thumbs up weider sou
Irgendwéi vertsinn ech de Senn vun der Vignette net. Et get näischt ze verdecken an de Bléck get souwisou an d´Déift no hannen gelenkt. Vignette eweg an déi Foto as tiptop
Wann ech Vignette weg maachen, dann ass ennen Riets am Eck een wou mer an d'Bild leeft ze gesin hun den domat wollten verstoppen. war minimal ze lues fir d'Foto ze maachen.
Ech fannen Photo ganz Interessant awer mech stéiert Vignett dach vill. Awer allgemeng séieren mech déi graff Vignetten meeschtens... Manner es fir mech an dem Fall méi...
Villäicht kennt een Photo aneschter croppen oder mat engem Label schaffen wann en den stéierenden deel net wech gestempelt kréit (sinn ob deem Gebitt sécher och net een Expert)
Soss gefält mir den Kontrast an Perspektiv gutt.
Mech géif interesséieren Photo just ouni Vignett ze gesinn...
Ech hätt se och léiwer ouni vignette gemaach, mee gleef mer dat ass och net grat super. Dat eenzegt wat ech dann kann probeieren ass effetif anescht ze cropen. mee dann just, mee woubei ech mech froen ob ech dann net den Bildopbau domat futti maachen. well den mer eigentlech esou gefällt
Ech géif gären eng kéier eppes mat der Foto probéieren ... géifs du mir eng kéier den Original schecken awer ouni Vignette awer mat allen aneren Upassungen.. ech hunn dir eng PM geschéckt..