En Fotoshoot mam Tammy am FDG bei leider naaskaalem, ekelegen Wieder. Sammelen éischt Erfahrungen an dës Richtung , dofir all Kritik an Virschléi hellefen mer weider. Merci
eent, zwee gefale mer richteg gutt, mat Tendenz op sch/w,
wat awer net deng Schold ass
Dräi an mer ze gekënschtelt, ... wat ass do ze gesinn , ...wou kuckt hat hin ... u sech fehlt do (fir mech!!) ewéi bei engem "gudde" Witz, d'Pointe.
Merci fir däin Comment Ed. Ech wees dats du bei s/w ëmmer genau oppass Waat dei 3. Foto ugeet hues de Recht , waat ech se mei lang kucken , waat ech dech emmer besser verstin. Merci.
Ech schléisse mech dem Suraki un. Di éischt fannen ech ganz flott, et ass Bewegung dran an daat schwarzt-waisst mecht d'Foto nach mi interessant. Ech denken do stéiert et iwwerhat net, ganz am Géigendeel, dass se poséiert ass. Chapeau och fier daat aarmt Tammy daat et trotz deer Keelt färdeg bruet huet sou ze laachen
Daat eenzegt daat mech e bessen stéiert ass de Cadrage, also mi genau, dass do riets souvill vum Zuch ze gesin ass, daat mecht d'Foto e bessen enk, also sou wierkt se mol op mech. Wann di Straif e besse mi schmuel wier, hätt d'Foto mengen ech e besse mé Loft an d'Pose ging daat dann nach ennersträichen. Waat mengs du? Kann och sin dass ech doniewt leien
Di zweet ass och schick, hei gefällt mer de Cadrage besser, suguer ganz gudd, an d'Dynamik ass och dran am Bild.
Bei der drëtter denken och dass se zevill eng gestallten Pose ass, mee den Anorak stéiert mech mol net sou, méi dass souvill vum Zuch ze gesin ass. Ech denken wanns de hatt e besse méi eropgeréckelt häss op der Foto giff se e besse mi ausgeglach wierken.
Jo, eent an zwee fannen ech och net schlecht, mais bei drei hun ech dach e puer Kritiken:
1. fier mech ass den Model zevill zentréiert an duerch d'Mett vun sengem Kapp leeft hannendrun eng vertikal Linn déi fier mech d'Bild e bessen zerschneid.
2. et ass keng richteg Punktschärft do (misst eigentlech bei denen schéinen groussen Aen genau do leien)
3. deen decken schwarzen Anorak (ech wees dass et kaal wor) ass och net esou mein Fall.
Salut gunman. Zu 1 : Stëmmt mam zentreiren , hun Foto geschnidden an dun net opgepasst. 2. Punktschärft as op der original RAW Foto komescherweis do , ech mengen ech hun gelleg Schärft verluer wou ech se an den JPEG konverteiert hun , iergend eng hun ech ech do fléien geloos , waat awer Foto definitiv net besser mecht , do hues de och Recht. Zu 3. Jo do kruut ech schon surplace vum Tammy gesoot datt deen Anorak do net daat gielt vum Ee as , heiansdo soll een och op säin Model lauschteren Et war déer armer Maus zum Schluss esou kaal datt et Fangeren schon bloo haat vun deem villen Unhaalen un deenen eisen Stangen vun den Zich. Daat mer der vertikaler Linn as och richteg , lenkt oof. Merci och där fir däin Comment , wärt bei esou Saachen an Zukunft besser oppassen.
fir mech nummer 2 Zersch, ech verstinn, do net vill dervun, mee 1 an 3 si mer e bessi zevill gestallt, a bei 3 huet de gunman scho recht, duerch e Kapp därf keng Hannergrondlinn laafen
2 ass fir mech natiirlech, gudd cadréiert an et mengt ee baal hat wär nach a leschter Minut op den Zuch gesprongen