Déi ass fir mech elo mol net den Hit. D'Blumm ass voll am Focus... den Pimpampel leider net. Ech weess dass den net laang poséiert... awer fir mech 5/10 (...eng Foto... soit)
Jo, stëmmt ass technesch villeicht nët perfekt, mir gefällt se, virun allem weinst denen flotten Foarwtéin.
Ass halt keen Gebéi wou nët fortleeft oder flitt, wou's de der kanns gudd Zäit huelen fir däin Bild ze analyséieren, dein Standpunkt wielen an dann ze fotographéieren an durno am PS veschaffs fir déi beschten Téinung hin ze kréien.
Dat dengen do wibbelt eben, an dass bei der geringer Distance deng Deiftenschärft minim ass an dass bei der geringster Bewegung een Deel aus dem Focus eraus ass brauch ech dir jo lo bestëmmt nët ze zielen.
D' Blend nach méi zou machen fir méi Déiftenschaerft ze kreien geet och nët wëll dann seift der den Hannergrond komplett of
Stemmen dir voll zou Schluck, et ass guer net sou einfach, et ass eng Erausfuerderung an freet zur Natur, fir sou Fotoen ze realiséieren vill maachen dat och mat Hëllefsmëttel ( Spray, fänken an se kaal setzen usw ) jo, och dann huet een Zäit se ze fotograféieren, ass e mengen Aen Déierequälerei, an ech weess dass du an ech dat net maachen
Dann ass ët och nët méi dat selwescht wann een muss zu sou Mëttelen gréifen (ganz dovun offgesinn dass ech sou eng Déierequälerei verabscheuen) wëll dann hues de den Spass vun der 'Juegd' nët méi
Ginn dir Recht. All Stil vun Fotografie huet seng eegen Schwieregkeeten. D'Faarwen sinn och fir mech flott. Bei Insektenmacro gehéiert eben e bëssi Chance dobäi, an et muss een op Zack sinn, e bëssi wéi bei Street och. Awer ech hunn schonn vill besseres vun dir gesinn. Bei der heiten Foto ass den Bléckwénkel net ganz glécklech an dofir stécht d'Blumm méi eraus. ...wor net schlecht gemengt, awer genau well d'Insekten wibbelen ass et jo eng Erausfuerderung an eng Saach déi mat Chance ze dinn huet.
Wat mech perseinlech bei dengem Kommentar gestéiert huet ass déi Saach mat der Bewertung, wëll éierlech gesoot, ech lueden héi keng Biller rop fir an engem Concours matzemachen, mais wëll ech Spass hun Fotoën ze machen ...
Kloer sinn ech ëmmer frou wann een mer seet wat ech kann besser machen, mais en Bewertung ass jo lo wierlech keng konstruktiv Kritik.
Ech fokuséieren normalerweis ëmmer ob d'Aen an do ass bei der héi lo eben d'Blumm och scharf .
Mat der Bewäertung hunn ech wollten soen dass se an der Flut vun Macrofotoen déi iwwert den Summer sou kommen net eraus gierf stiechen. Ech hätt och 1/2 kéinten schreiwen. Also, als Foto fir mech an der Moyenne wou ech awer besseres vun dir kennen. Gëschter hat ech mol erëm Loscht e puer Kritiken ze schreiwen an ech luewen eben och net wann et net dat ass wat ech éierlech denken. Néischt fir ongutt.
Jo, den Summer den elo um Kommen ass. Do gëtt et jo erëm bestëmmt vill ze gesinn an Saachen Makro. Hunn grad gesinn dass et däin éischten Makro fir dëst Joer ass. Mam Motofueren soll een jo och lues ufänken am Summer...
Ech hat mech gëschter wierklech mol erëm e bëssi ausgetobt. Et waren vill interessant Fotoen online an et huet mol erëm Spaass gemeet eppes ze schreiwen. Ech mengen den Sonnegen Week-End huet eis alleguerten een klengen Schuub ginn fir Fotoen ze maachen. Ech war op Ënsber wanderen an hat awer leider meng Knips net dobäi wat ech awer extrem bedaueren. Also hunn ech mech missten zefridden ginn fir ze gesinn wat déi aner Leit sou schéins gemeet hunn.
Hehehe ... jo sou ass ët, woar mol rëm fir sech warmzeschéissen ... Hun lo mëttlerweil ëmmer ob mannst d'S100 dobéi, d'läscht keier hat ech keng dobéi an do stung ee Wëldschwein ob 5m an ass mol nët direkt fortgelaaf .. ech hät mech kënne ...
Den Stau ass och ëmmer schéin, schued dass de deng Knipps nët mat hass
jo de Blëtz mécht schonn s vill aus, herrlech Faarwen a ganz flotte Makro Schluck, hunn och schonn s een erwescht fit dest Joer, awer nach net nogekuckt, hunn de Moment vill em Oueren
Jo, ech hun déi selwescht och ouni Blëtz an do ass déi riets Säit ganz déischter an och déi Blo Foarw kënnt bei weitem nët sou gudd eraus. Mir geet ët d'selwescht, nach vill am Haus ze dinn an wann een dann eng kéier Zäit huet spillt den Péitruss nët mat