Merci! Ech war zwar och frou, datt ech di Fotoen do sou gudd geroden hun. Et war jo nawell lëfteg haut, och schon de Moien, wéi et nach net gereent huet, an ech hu relativ spéid gemierkt, datt ech "nëmmen" 1/125 agestallt hat. Do huet de VR vum 105mm Macro gudd Dingschter geleescht. (Och wann deen d'Bewegunge vum Sujet durch d'Loft net kompenséiert)
Flotten am Detail mat engem gudde Kontrast. Dat géif an e Biologie Buch gehéieren Déi 3 Foto gefält mir immens gutt. De Pollen kënnt esou flott zum Virschäin.