Eng Opnam, déi méch beim éischte Bléck e bëssen déroutéiert huët. Dee gesenkte Kapp, déi Seeler ronderem d'Gelenker, déi relativ doudeg, "hänkeg" Kierperhaltung: Wat soll daat ?
5 Sekonnen mi spéit dann en Aha-Erliëwnis: di grouss Erleuchtung, wi ech den Titel geliës hunn: "Play with me ..."
Ech géif mengen: Dat Meedchen ass also eng Marionnett.
Mee wat heescht dat doriwwer eraus?
D'Fra als Marionnett vun de Männer?
Oder mi allgemeng: De Mënsch als Marionnett ...?
Als Marionnett vun aanere Mënschen, als Marionnett vum Schicksal ...?