Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Sonnenenergang an der Ardèche

 
Sonnenenergang an der Ardèche
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (12.08.2012). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    10.08.2012
  • Gekuckt:
    22575
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    26
  • Beliichtungszäit:
    1/500 sec
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    34 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1200x800
  • Späicherplaz:
    492 KB
  • Originaldatum:
    2012:05:08
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark II
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon Objektiv EF 16-35 mm 2.8 L USM
Kategorie: Natur »» Sonnenopgäng / -ënnergäng
2. Kategorie: Natur »» Landschaften
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=65693]
Kommentar vum Fotograf:
Hei nach en Sonnenenergang deen ech an der Vakanz an der Ardèche fotografeiert hat.
Ech hoffen en gefällt irch an fir mei Detail drop klicken w.e.g.
Mei Fotoen fann der op Photograpix.lu
Zora 11.08.2012 - 18:10
ganz flott faarwen, mee se kippt no lenksclosed_eye
Nathalie 11.08.2012 - 18:49
Merci Zora.
Nee du geseis dat falsch et sin bierger dei no riets erop gin closed_eye
Lol nee kucken dat dann mol smile
Zora 11.08.2012 - 19:14
natierlech kann een daat och esou gesin, grinssmile
Nathalie 11.08.2012 - 23:04
closed_eye
m-otiv 11.08.2012 - 21:12
Gand schein...awer ech bestaetegen.... se kippt definitiv...horizontal linn vum feld selwer ennert de bieger
Nathalie 11.08.2012 - 23:05
Merci Vito, ok kucken dat dann...
Gaga 11.08.2012 - 22:33
se kippt!
PUNKT!
GAGA has spoken !

trotzdem eng flott prise ! closed_eye
Nathalie 11.08.2012 - 23:06
Lol ouni mech lo wellen eraus ze rieden, mee feld wuar och am hang closed_eye , mee bon, kippen se muar nach en bessen, an dann gesinn mer...
Gaga 11.08.2012 - 23:08
Wei ech dem Jaques schon eng Keier mat sengen krommen Heiser gesoot hun, t'Realiteit kann wuell esou gewiercht sin. Mais ausser du hues welles dech nierft dei Foto ze setzen an all Betrachter daat ausdrecklech ze soen, denkt jiddereen se geiff kippen.
An desem Fall as menger Mehnung no t'Realiteit net massgebend, mais den Androck. An deen as eben dat se net riicht as.
Nathalie 11.08.2012 - 23:11
Hmm jo... Irgendwou ass et awer och schued fir realiteit dann ze verfälschen... Meng meenung...
Mee ech remplaceieren mua mol dei heiten mat der korrigeierter versioun, dann kennen ma jo kucken weem wat besser gefällt closed_eye
Gaga 11.08.2012 - 23:25
jo,
ps: zum thema t'Realiteit verfälschen ...
Weieng Blend huet dein Aa ?
Weieen ISO ?
An weieng Brennweit ? 23mm mengen ech sin et !
As elo all Foto dei net esou geholl get eng Verfälschung ?
Den Horizont, bon, do keinnten mer elo weit goen. Mais kuck et wei bei engem Moler. Eng 1:1 Duerstellung bei engem Portrait kann am Molen oft ganz komesch ausgesin. Dohier gin ganz oft Sachen "optimeiert" fier besser auszegesin.
Ech mengen den "opteschen" Horizont hei e bessen ze verbesseren as keng verfälschung, t'Bild weisst jo 1:1 nach emmer daat Selwecht. Et as eng verbessert Duerstellung vun der Realiteit.
Nathalie 12.08.2012 - 12:32
Jo bon dat geht och lo wirklech weit, well wann et sou wier dierften mer jo keng Fotoen mei machen...
Sou den Horizont ass lo rem gedreint...
Gaga 12.08.2012 - 12:39
Nee Nathalie, waat ech der well soen as dat all Foto just eng Duerstellung as, net t'Realiteit ... mei abstrakt erklärt ... du richs dei Blumen och net, du spiers de Wand och net ... et as eng Graphesch Duerstellung vun ener reeller Scene.

Du has de Langsam och nie an der Mathé, gell ? closed_eye

Deen hues et esou erklärt :
En huet en Stuhl op t'Tafel gemoolt, a gefroot, ween kann mer soen waat daat as?
Natierlech all Mensch wei de Batti de Fanger gewisen, an deen deen duerft äntweren: Daat as e Stuhl !
NON, imbécile, ceci est une représentation graphique d'une chaise !... voilà!
Nathalie 12.08.2012 - 18:21
...
Gaga 12.08.2012 - 18:43
? schwätz dech aus !
Nathalie 12.08.2012 - 20:01
Ech hun keng loscht mech lo mei mitt ze machen Gaga, et kann een alles weit sichen goen an och weit brengen...
Gaga 12.08.2012 - 20:43
Där emmer mat ärer Loscht ... ech wollt op deng Ausso agoen du weills t'Realiteit net verfälschen. Daat mechs de schon an deems de eng gewessen Blend a Beliischtungszeit wiells ... pardon dat ech op dei (menger Mehnung no interessant) Diskusioun agaangen sin.
Ech hun der just probeiert mein Point de Vue ze erklären ... dats du et falsch verstaanen hues as leider net meng Schold.
Fenns du selwer se dann elo net besser esou ? Ouni dech zevill mid ze machen ...
Nathalie 12.08.2012 - 22:36
Gaga ech hun keen problem mat engem sengem point de vue. Ech fannen et kann een verschidden saachen awer och immens weit dreiwen an och immens an d'längt zeihen.
Ech gin eierlech zou dass ech foto lo besser fannen, ech huelen kritik jo och un fier meng fotoen, an leieren och draus. Mee ech well op weiderdisskussiounen, dei an mengen aen den rapport mat der foto verleiert, net angoen...
An ech mengen lo hun ech mech erem genuch mid gemach... closed_eye
Gaga 12.08.2012 - 23:51
ok ok, dann as gut, as emmer gut wann een sech kloer ausschwätzt an duerno jiddereen richteg versteht.
Ech diskuteieren eben gär. Et get naischt mei leierreiches wei zwou verschidden Mehnungen.
Verstei mech net falsch... an der Zeit hun mer eis hei t'Fanger wonnt geschriwen iwert esou Sachen ... an et woren dei Diskusiounen dei een zu villen Asichten an neien Iwerleeungen bruecht hun.
Ech fannen et schuet dat daat net mei sou vill hei as.
Merci awer fier dei kleng Diskusioun.
MbG
Nathalie 13.08.2012 - 05:49
Ech hun dech schon verstane Gaga.
Jo dat stemmt zeiten änneren nun mol...
Et ass ma och schon opgefall dass net mei souvill bei fotoen beigeschriwen get, mee bon...shit happens...
Mbg
Gaga 13.08.2012 - 11:20
ma dofier sin ech jo do !!!
sou lo awer schluss... smile
Nathalie 13.08.2012 - 11:43
smile
Gaga 12.08.2012 - 12:40
ah jo, an PS: sou as se vill besser smile
Nathalie 13.08.2012 - 11:43
Merci
Jeanny 12.08.2012 - 06:36
eng herrlech Stëmmung festgehalen, kucken se riicht unsmile
Nathalie 12.08.2012 - 12:25
Merci Jeanny smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 647 Gäscht online