fabric = Stoff op Englesch Du mengs bestemmt 'factory', oder?
Waat d'Foto ugeet schléissen ech mech dem Zora un. Desaturéieren vun der rouder Farw wier net schlecht, an daat mam Stull ass schued. Soss vum Obbäu hier fannen ech se awer nawell gelongen, wann och vlait e bessen vill Onrou am Bild ass. Mee daat ännert sech och vlait wann daat roud net mi sou ganz dominéiert.
ech geing hei mol fatzeg Faarw eraus huelen, zemols dei rout, an dein Stull ass net ganz drop, daat ass schued, een Schratt no hannen wär gud gewiercht!!!
Also ech stung ob der selweschter Platz, dann eben Stativ mei eroof, hues du keen Photoschop?? Kritt een Faarw ob bei Saturation mei eraus, nach eng Méiglechkeet, den Stull mei no vir reckelen, kuch der Foto emmer genau un, iers de knipst, dann geséis de esou Sachen, hun daat am Ufank och emmer gemeet( an heinsdo haut och nach) an den Stull och emdreien ass mei flott fird Bild! Oh freck waat een Kommentar