Bei der héi sinn ech mer oneens wéi ech se soll kadréieren ... déi eischt ass ongecroppt wëll ech och déi ob der Säit woll drop kréien , déi 2. dann ee Crop.
Gutt cadréiert, flott datt's de den Original och weis.
Ech mengen, si hat dech héieren oder gesin, dodurech ass eng schéin Momentopnahm entstanen. Och bei dëser immens flott d'Mueressonn, déi säitlech erakënnt.
Merci Jean-Jos, nee sie hat een Helikopter gesinn an héieren, dofir hunn se all an d'Luucht gekuckt. D'Hierchtfoarwen hunn mir hei och sou gudd gefall an der flotter Moiessonn.
Déi éischt Foto gefällt mer och, grad wéinst denen aneren Hirschkéi, alledéngs ass mir déng Haaptprotagonisten do ze mëtteg am Bild, an dofir hun ech éischter e Faible fir de crop.
Eng Variant wär, d'Foto nët grad esou breet ze loossen...
Dat wollt ech wëssen, ech sinn och nët décidéiert ob crop oder net an dofir wollt ech anner Mehnungen héieren. Merci Ed, mengen ech sinn mer och sou lues sëcher
No laangem iwerleen hin a hir, fir mech définitiv déi 1. Schluck, den Bléck ass méi fréi fir sech vum Haaptsujet ze léisen an déi 2 aaner Hirschen kucken ze goen (an nees zréck ze kommen), déi jo awer wonnerbar am Hannergron verschwannen. Si sin allenzwou super
Flott Foto vun scheinen Deieren: dei ongecropten gefällt mer am beschten. Den Mueresniwel an dei flott Hierschtfarwen am Hannergrond harmoneieren ideal zesummen.