Bei enger 1/10 sek. has de bestëmmt en Stativ an huelen mol un et war dobannen. Wisou Iso 3200 ?
Deng Iddi wannen ech awer gutt, an ass och gutt ëmgesat MR.
Merci Conley
D'Foto ass ouni Stativ , ouni Blëtz
dobannen gemach gin
hat en awer opleien.
Iso 3200 Ech wees och net wat mäin
Fotoapparat sech dobäi geduecht huet!
Ech hun just Blend 10 agestallt fir Drës
mam Ae schéin scharf ze kréien
de Rescht huet den Fotoapparat fir mech
iwwerholl
Ech hunn schonn en pur Fotoen gesinn di mat esou engem Objektiv gemaach ginn sinn. Kann dofir net verstoen dass déng net méi Schaarf ginn, an dat ass bestëmmt net schlecht gemengt. Wollt just erausfannen wourunner dass dat kéint leien. Ech géing mär wënschen dass et dat Objektiv och fir meng Nikon géing ginn. An dofir verstinn ech deng Smileyen lo net. Dass mär schonn eescht awer gutt gemeng MR........ Dat heescht Manuell Schäerft agestallt an mat der Ofblennt Tast kontrolléier.
Merci Conley
Bei dësem Objektiv mat sou
enger Vergreisserung hues
de nëmmen een klengen
Schäerftenberäich.
D'Ziel bei dësem Bild war jo Drës mam
Ae scharf ze kréien an soss alles onscharf.
Et soll keen Blummenmakro sin!
Ech verstinn wann Bild dir esou net
gefält.
Kloer hätt ech déi Foto héi an der praller Sonn
dobaussen gemach wier et besser gin,
ass awer leider net emmer méiglech.
An de Blëtz ass hei och net a Fro komm
soss hett ech lauter hell Reflets an der
Drës gehat an d'Ae hätt een net méi gesinn.:(
Ech wees dat schonn dass den Schrärftenbereich minimal ass, an dass de den Fokus just op di Drës do wollts lehen an den Recht an der Onschärft verschwende. Stacking wär mat esou engem Objektiv eng ideal Léisung fir do di richteg Schäerft ze kréien MR.
Dat gesäit witzeg aus mat deem An an der Drës! Ass eng flott Idee!
Ech weess wéi schwéier et ass! Ech hunn zwar net deeselwechten Objektiv mä wann ech Makro Fotoen maachen stellen ech de Fotoapparat op e Stativ, wielen ISO 100-200 eng Blend vun 16-22, huelen Liveview a stellen manuell schaarf evtl. mat Vergréisserung fir deen Ausschnëtt dee mech intresséiert schaarf ze kréien. Dann huelen ech nach den 2sec timer fir aus ze léisen! Da kritt ee keng Vibratiounen. Evtl. beliichten ech nach mat enger Makro LED Luucht fir um Objektiv.
Villmols Merci Alain
och fir deng Erklärungen an Tipps,
ech wäert mir se mierken
an bei mengen nächsten Makroen
drun denken
Ech sin frou fir all Tipp deen
ech kréien fir mech
ze verbesseren