Kommentar vum Fotograf:
Bei miserabele Wiederkonditiounen haut krute mir - endléch!!! - och mol eng Kéier besuch vun engem Pillo (Gimpel, Dompfaff, bouvreuil pivoine, Pyrrhula pyrrhula). D'Rauschen an de Fotoen ass normal, hun ch dach durch d'Bank mat 1/250 bei Blend 5,6 (wéinst dem Telekonverter) mat 5000 - 6400 Iso fotograféiert. Ech wollt awer net onbedingt lo entrauschen, fir net de flott Zeechnung an de Plommen an d'Drëpsen um Kolleg mat ze glaätten.