Hallo, sinn zwar guer keen Portrai's expert, awer dei 1. fannen ech ann Denger Serie am beschten. Pose an Cadrage ass hei am beschten gelongen. Bei deenen aaneren Fotoen: mol kucken waat eis Spezialisten doo soen...
Déi mam Holz gefalen mer richteg gutt, déi hunn Stil. Virun allem déi éischt.
Déi 2t an 3t géif ech aus der Serie geheien, sinn éischter langweileg. Déi 2t ass an mengen Aan net richteg stëmmeg, obwuel ech lo ausser den Luuchtkäil op der Nues näischt fannen wat mech direkt stéiert. Ass eben einfach sou eng Foto, net wierklech schlecht, awer och lo net wierklech gutt.
Déi 3t ass bëssen komesch. Hat kuckt schonn net ganz glécklech an virdeelhaft dran, an dann feelt ëm och nach en Äerm...
Déi 4t ass en flott Spill mat der Déift, wanns de do d'Blend nach en bëssen méi zou gemaach häss (f/? has de hei?) wier dat nach besser riwwer komm. Virun allem wier hat dann och net ganz schäerf, mee géif nach méi an d'Bild agebaut ginn. Sou hues de lo 2 Pläng, den Vierdergrond an hat, anescht géif dat alles méi flësseg aneneen iwwer goen.
Probéier mol dech en bëssen an Photoshop o.Ä. ran ze schaffen, kéints hei nach vill aus den Biller raus huelen duerch eng méi waarm Téinung an bëssen Beliichtungskorrektur. Déi Saachen ginn eigentlech relativ einfach.
Merci fir d'kritik. Jo ech probeieren bessen mam photoshop ze spillen me ech fannen nie richteg d'motivatioun well ech net eenz gin me jo ech gin mer meih
Lies dech en bëssen duerch Tutorials, fro Kollegen déi dermat eenz ginn der et ze weisen, ginn och 1-2 gutt Zeitungen. Ech hunn laang 'Docma' gelies, déi hunn och en relativ informativen Internetsite.
Mengs de net wier méi langweileg wann se zentréiert ass? Fannen dat eben doduerch dat d'Been no baussen ginn an hat am gëllenen Schnëtt setzt gëtt d'Foto réischt dynamesch.