Kommentar vum Fotograf:
Deitch: Tüpfelsumpfhuhn
Latein: Porzana porzana
Dei Hinger sin Mini.. mol net sou grouß wei eng Märel an se wanderen extrem gäer durcht Schilf... sou dass et baal net meiglech ass se ze knipsen. Ech hun dat Deier lo laang genuch 'studeiert' gehaat an hun gekukt, wei et sech verhellt an wou et raus kennt. Hun mei Zelt opgeschloo (luch halef am Waasser) an hun laang gewaart, bis et schlussendlech rauskomm war an ech drop las knipsen konnt :D
Dei Hinger sin och Migranten an zeihen just nemen duerch Lëtzebuerg duerch. Dobei man se op all Wasserfläch e klengen Halt, fier hier Reserven rem op ze fellen. Dat Hung setzt gäer ennert engem Stege am Bulli oder op Sonnenexponeiert Bullisflächen am Schilf.
Mier haaten fierun enger Woch bei schlechten Wanderkonditionen dat eicht gefang. Dem war et sou schlecht (well et keng Muskeln an keen Fett mei un sech hat), dass et ma an mengen Hänn quasi zesummen gefall ass.. Ech hun dat aarmt Deierschen op eng nährstoffreich an geschützten Plaatz rem frei gelos, wou et an Rouh friesen konnnt. Eigendlech ech geduet, dass ech et niemei rem gesin... mee eng Woch mei speit hun ma et rem gefang an dat Hung huet 30 % vun sengem Gewicht begeholl (dobei muss een bedenken dass dei 10% an der Nuet rem verleieren)!
Emsou mei frouh war ech, dat rem ganz fit gesin ze hun :D
ganz vill Informationen, eng leif Geschicht an eng flott Foto :D hoffen et gefällt ;)