vlaicht sinn ech alleng mat menger Meenung, mee ech verstinn net ganz firwat hat keng Box un huet...ech mengen, kuk, et huet un seng Guitar geduercht, mee net un seng Box...also ech wees net...
konkret: 1,2 an evntl. nach 5 fannen ech ganz ok, deng Beliichtung as gudd ginn, wann den Fleck um schwarzen HG gewollt war...
et stéiert awer bessi dass den Soutien net symetrech mam Top setzt an een op der nr.1 den Stull ennen nach sou halef gesait...
Mier falen 2 sachen op Tom :
bei 1 an 2 fällt de Bléck emmer erem op den Tanktop, well t'Gesiicht net beliicht as, also weineg.
3 a 4 hun daat net, do gefällt mer 3 einfach vun der Pose hier besser, 4 fannen ech net fierdeelhaft.
5 do geseit een einfach zevill gut dat hat net Gitar spillt an och keng dynamik an den Hoer as dei zu der Mymik passt. Geiffen t'Hoer lo ronnderemmoschen, geif daat evtl anescht ausgesin.
Mais als Studio-noob, wier ech schon frou sou eng Luucht hinzekreien.
As daat mat 1 Softbox gemach ?
D'Fotoen sin mat enger Softbox gemaach fir déi nëmmen deelweis Beliichtung a Stëmmung hin ze kréien. Dofir ass heinsto d'Gesiicht net ganz beliicht, mee daat ass gewollt.
Bei der nächster Sessioun probéieren mir dann och nach d'Hoer fléien ze loossen!