Sinn erstaunt iwwert d'Déifteschäerft um Päiperlek, fir eng Fräihandopnam: wat fir eng Blend hues du do benotzt? Si lo erstaunt (am positive Sënn).
P.S. D'Foto ass och tip top, soss hätt ech lo net drop geklickt, fir all déi Detailer mir unzekucken.
Merci Laurent, Blend 6.3
Mat der Blend muss ech nach e bësschen exprimentéieren.
Mee fir dat ganzt ouni Stativ a Blëtz duerchgehend scharf ze kréien ass nit esou einfach
---> next challenge
Merci jorsch, jo den Hannergrond ass schonns aussergewéinlech.
Op déier Platz wou ech meng Schmetterlengsbäm stoen hunn, (hunn der 2 , e wäissen an en moofen) kann ech duerch liicht veränneren vum Blëckwënkel grondverschidden Hannergrënn kréien:
greng --> Heck
blo --> Himmel
weiss ---> Wolleken
Moof --> Lavendel
duerchenéen --> verschidden Blumenzorten
donkelrout ---> Minettssteen
deen vun deser Foto --> hölzen Fassade wou d'Sonn drop schéint a verschidden Orange, resp. Brongtéin widderspigelt.
Den Hannergrond ass em di 10 Meter vum Objet ewëch.
Villmools Merci Conley
Also schaf der rouheg een un... an d'Päiperleken sinn der garantéiert.
En huet säin Numm wirklech net fir naischt, e setzt all Dag voll