Obwuel mer bal nëmmen Sonn haten op eiser Gletschertour, fonnt ech déi niwweleg Passagen um Bierg am interessantesten fir ze fotograféieren. Leider hat ech nëmmen begrenzt Zäit fir Fotoen ze man während dem goen.
Déi 2 Läscht sinn bal d'selwecht, do géif ech eng Selektioun maachen. Vir mech ass déi 3t besser well déi méi däischter Wollek riets den eidelen Raum fëllt.
Ech wess dat do keen Zuch erop fiert, a wëll ech och keen Heli gesin hun do landen, huelen ech un dass du ze Fouss do erop geklotert bass, wahrscheinlech een klengen Test fir d'Matterhorbesteigung. Respkekt! Ech kann mir denken dat do keng Zäit ass fir Fotoen ze machen fir d'Group net aus dem Rhythmus ze brengen. Flott Stëmmung, fir mech di 1. mäin fav wéinst der Linenführung erof an der Nuance blo am Himmel, souwéi dem flotten Kontrast mam Fiels an den Leit. Schéin Série, do wir ech gär mat gang (wann den Heli mech bruecht an erëm sichen komm wir )
Hallo gemu, jo ech sinn ze Fouss do rop ganz houffreg hrhr. Mengen den Matterhorn kennt awer nach net sou séier drun, dat ass souwäit ech weess nach en gudden niveau driwwer an merci fir den Favorit!