Fannen BEA vum Auto selwer tiptop, mech stéiert en besschen déi weiss Fläch lënks. Zitt den Bléck vum Sujet ewech, während déi méi deichter Flächen den Bléck op den Sujet steieren. (Meng Meenung)
Bei mir hunn se eng Ferrari poléiert. Mech stéiert, wéi dem, déi wäiss Fläch och an den Bam ass mir e bësschen ze däischter. . Mee et ka sinn dat den Auto ënner geet wann een den Hannergrond méi ausgeglach mécht.
hues du schon probéiert d'Foto 2x ze entwickelen, eng Kéier fir dat den hannergronn schöin eraus kennt an eng Kéier dat den Auto schéin eraus kennt an se dann mat enger Mark iwwerenaner ze léen ?
Du kanns jo fir den Hannergronn am rew Konverter d'Llichter ganz eroof setzen an d'Deiften ganz erop. Sollt dat net duergoen, kanns Du den Hannergronn nach eng Kéier duerch den Rawfilter am PS schécken. Dat misst klappen.