Kommentar vum Fotograf:
Um C.R. 314 tëscht Eschdörf a Lëltz ass den Départ vun engem kuurze Spadséierwee laanscht eng ichteg flott Baach, deen aménagéiert gin ass mat verschiddene Sëtzgeleeënheeten a künstlereschen Aspekter, wou ee kann iwwert dem Trëppelen der Baach nolauschteren a séch op deenen eenzelnen Etappen a séch selwer zréckzéie, fir roueg ze gin, ze meditéieren oder einfach nëmmen den Alldaag eng kurz Zäit ze vergiessen. Och fir eis Fotografe gëtt ët do villes ze entdecken a festzehaalen. Avis aux amateurs!