Banane, Spinat, Ierbessen, Menthe, Zitronenverbene, Orangejus, Limetteschuel, Limettejus, durch de Mixer an ee Stéck mat Hielendersaaft gefierften Äis dran. Dat erfrëscht a soll jo gesond sin, soen se...
Well an de Rezepter vun de Smoothien alt dacks Iertsen a Spinat dra sin. Ech huelen un, datt d'Iertsen dra si, well se al Hülsenfrüchte Proteine liwweren an de Spinat ... (ah nee, net wéint dem villen Eisen, dat ass jo just op Grond vun engem Rechefeeler an der Zäit, datt se eis verklickert hun, mir misste vill Spinat iessen an datt de Popeye sou stark dervunner gin ass).
Sou schéier verdauléch ass et och alt neess net, wann ee scho laang Joere gewinnt ass, vill Geméis a Réies z'iessen.
Jo mé et ass eng RIIIIISech Konzentratioun vun allem ... daat ass eng Vitaminen Bomm ... och eng riiisesch Antioxydantien Bomm mé ... ech hunn meng schwierechkeeten daat gudd erof ze kreien
Et ass jo och net fir all Daag sou eppes zou séch ze huelen. Och sou ee riiiiseche Volume wéi méng 90 Kilo Schluechtgewiicht (10% Muskel, de Rescht...) ass domadder vläicht iwwerfuedert...