Di naturgemaachte Bi-Chromie hei gefällt mir gudd. A virun allem ass et nët nëmmen de gring.giele Bam, deen erausstécht, mais och dee Liichtafall vu lénks um Buedem, dee wéi ee Reflet vum Bam wierkt, deen dem Bild séng Dimensioun a séng Qualitéit gëtt. An dee Bamstomp an der Mëtt ass wéi ee Katapult fir de Bléck, deen op d'Fiicht geleed gëtt a mat Schwonk no uewen aus dem Bild erauszitt.