Wat mengs du, wéivill Schëss bei mir - nach haut - an d'Box gin? Wann ech fënneg "anstännech" Fotoen hei an enger Serie weisen, da gesäit jo keen, datt der 50 just fir an de ronnen Dossier sin.
et ass och flott ze gesinn wei een sech weiderentweckelt (calembour facile), wuelwessend, dass emmer nach vill Loft no uewen ass... mä daat mecht et aus, et soll Spaass maachen
Schéinheet ass relativ. Déi existéiert, wann iwwerhaapt, just am Aa vun deem, dee kuckt. Ech sin ëmmer nees begeeschtert iwwert dat Verschwéngse vun all méiglechem an der Natur. Sief dat am Macro- oder am Microbräich.
Natiirlech Nico,
et ass lo mol esou, dass ech (an ech sin bestemmt net alleng ) dei Viehcher eben net esou attraktiv fannen wann se mol mei genau gekuckt gin. Och en Himmelsdeierchen geseit laang net mei esou süss aus wann et ennert den Makro gerooden ass.
Daat ass wei's du geschriwwen hues "Point de vue"
Hiobsbotschafter gesin och viraus, datt mir Mënschen (sollte mir dann déi vun hinnen eropbeschwueren Apcalypse iwwerstoen) och zu Insektesnacker gi, wa mir eng Protéinsource brauchen. Mais bon, dann huele mir dat de Villercher och nach ewech. Op eppes méi oder manner kéint et jo nit un, oder sou...